D’Josée Lorsché réckelt am Oktober fir déi Gréng an der Chamber no, well d’Joelle Welfring eng Plaz bei der europäescher Investitiounsbank ugeholl huet. Mir froen déi fréier an nei gréng Deputéiert Josée Lorsché, wat si sech als nei Deputéiert virhëlt.
Mir froe si och, ewéi si d’Politik vun CSV an DP bis elo bewäert a wat déi Gréng géingen anescht maachen.
Rendez-vous fir den Interview mam Invité vun der Redaktioun all Dag vu méindes bis freides um 8 Auer op RTL Radio Lëtzebuerg an am Livestream och op RTL.lu an an der App (Audio a Video). Op RTL.lu an op RTL Play ass d'Emissioun dono och am Replay ze fannen.