Um Chambersite11 nei Petitiounen elo online

RTL Lëtzebuerg
Déi meescht dovunner beschäftege sech direkt oder indirekt mam Coronavirus. Ma och ënner anerem d'Schoul, d'Sprooch an den Trafic sinn Themen.

Zwou Petitioune beschäftege sech mat den Aiden, déi vum Staat wéinst der Corona-Kris zougeséchert goufen an eng mat den Interimsaarbechter, déi ënnert de Kris leiden. Ee Petitionär fuerdert, datt déi Leit, déi wärend der Corona-Kris un der Front geschafft hunn, déi Lëtzebuerger Nationalitéit méi einfach solle kréien.

Obligatoresch UV-Luuchten a Méifamilljenhaiser a Büroen, fir géint de Coronavirus virzegoen, ass dann eng weider Demande.

Ee Petitionär wëll dann hunn, datt een an der Chamber eng 2/3-Majoritéit huet, fir den Noutstand kënnen auszeruffen, respektiv fir d'Aschränkunge vun de konstitutionelle Rechter ze decidéieren.

Da wëll eng Petitioun déi Luuchten op de Vëloen, déi blénken, verbidden an en anere Petitionär wëll sech géint Liewensmëttelverschwendung asetzen.

Eng Petitioun fuerdert dann, datt d'Lëtzebuergescht als Sprooch erëm Virrang kritt an eng aner Persoun wëll d'Schoulgesetz änneren, fir datt Kanner, déi tëscht dem 1. a 14 September gebuer sinn, e Recht kréien, dat Joer mat an d'Schoul ze goen an net automatesch "verspillen".

Och e Verbuet vun de Sedéierung an e méi mënschleche Gesondheetssystem fir vulnerabel Persounen an den Institutioune fuerdert dann e weidere Petitionär.

Dir kënnt all d'Petitiounen um Site vun der Chamber ënnerschreiwen.

Den Iwwerbléck vun de Petitiounen

Demande de pétition publique 1738 - Géint Liewensmëttelverschwendung - respectiv Eweggeheien vun (nach genéissbaren) Liewensmëttel

Demande de pétition publique 1740 - Obtention de la nationalité luxembourgeoise facilitée pour les personnes ayant travaillé en première ligne durant la crise du Covid

Demande de pétition publique 1743 - Mise en place de lampes à UV dans les espaces communs des habitations de type immeuble et bureaux dans le cadre de la lutte et prévention contre les virus et bactéries.

Demande de pétition publique 1749 - Nomination immédiate d’un Médiateur aux aides refusées aux indépendants et aux PME.

Demande de pétition publique 1750 - Fixation de délais de paiement pour les aides coûts non couverts, chômage partiel et fonds de relance

Demande de pétition publique 1751 - Fir e strikt Verbuet vu Sedéierung (Rouegstellung, fréiert Ugurten) a méi e mënschleche Gesondheetssystem fir vulnerabel Persounen an den Institutiounen zu Lëtzebuerg - Pour une interdiction stricte de sédation (immobilisation, autrefois fixation) et un système de santé plus humain pour les personnes vulnérables dans les institutions au Luxembourg - Für ein striktes Verbot von Sedierung (Ruhigstellung, früheres Angurten) und ein menschlicheres Gesundheitssystem für schutzbedürftige Personen in den Institutionen in Luxemburg

Demande de pétition publique 1753 - Interdiction d’éclairage clignotant sur les vélos / Verbot blitzender Beleuchtung an Fahrrädern

Demande de pétition publique 1754 - Upasse vum Artikel 7 betreffend d‘Schoulgesetz vum 6. Februar 2009, an de „verspillte“ Kanner déi tëschent dem 1. a 14. September gebuer sinn, d’Recht ze ginn, de 15. September offiziell mat der Schoul unzefänken. Révision de l’article 7 de la loi du 6 février 2009 relative à l’obligation scolaire en donnant également le droit aux enfants nés entre le 1er et 14 septembre et âgés de 4 ans de fréquenter l’école le 15 septembre de l’année en cours.

Demande de pétition publique 1755 - Letzebuerger Sproch MUSS erem virrangeg behandelt gin. Letzebuerger Sproch am geschriwwenen an geschwatenen als Haaptsproch unerkennen.

Demande de pétition publique 1726 - Protéger les travailleurs du secteur intérimaire malgré la crise du Covid ainsi que la préservation du droit au congé maternité.

Demande de pétition publique 1729 - Fir eis Constitutioun op fest Féiss ze stellen brauche mir eng 2/3 Majoritéit an der Chamber fir all Gesetz wat Aschränkungen vun eise constitutionnelle Rechter virgesäit, grad wéi och fir d’Ausruffe vum nationalen Noutstand.

Dir kënnt all d'Petitiounen um Site vun der Chamber ënnerschreiwen.

Back to Top
CIM LOGO