
Am Escher CHEM ware scho fréi d’Alarmklacken ugaangen. D’Hiewan hat d’Assistante sociale vum CHEM kontaktéiert. “Et ware Punkten, déi net esou waren, wéi mir d’Gewunnecht mat de Leit hunn”, sou d’Fra viru Geriicht. D’Mamm hätt net op hir Tuyaue gelauschtert. Bei enger Kontroll zwee Deeg no der Gebuert hat de Bëbee nach deels déi selwecht Kleeder un a gouf just um Aarm gedroen. Keng Kutsch, kee Maxi Cosi.
D’Assistante sociale vun der Klinik hat déi Ugeklote selwer zwar ni gesinn, hat awer e Signalement beim SCAS gemaach. Ënner anerem well déi fënnef aner Kanner vun der Fra schonn net méi bei hir liewen, si gescheet ass an de Mann, bei deem se deen Ament gelieft huet, net de Papp vum Bëbee ass.
De SCAS huet 12 Deeg no der Gebuert vum Kand eng Mesure de garde provisoire beim Jugendriichter ugefrot, déi de 26. Juni vum Jugendriichter guttgeheescht gouf. Méi hätt een net kënne maachen, well de Service just op Mandat judiciaire kéint aktiv ginn, sou den Employé, dee sech ëm den Dossier gekëmmert huet. De SCAS huet déi Ugekloten nämlech scho kannt an hat eng sougenannten Assistance educative proposéiert, sou datt d’Fra sollt begleet ginn. Am Virfeld vun der Gebuert hat een déi Ugekloten och scho gesinn.
Bis en Urteel um Jugendgeriicht am Dossier gefall ass, sollt awer bal ee Mount daueren. Nodeems de Riichter eng Mesure de garde provisoire gesprach huet, ass d’Police judiciaire vun Esch op den deemolege Wunnsëtz vun der Ugeklote gefuer. De Puppelche konnt awer net fonnt ginn. Zanterhier gëllt en als vermësst.
Der Mamm vum Kand gëtt ënner anerem Mord, Doudschlag a Kierperverletzung um Kand reprochéiert. Um Dënschdeg waren och Opnamen aus dem Summer 2015 ze gesinn, wou d’Mamm vum Untersuchungsriichter befrot ginn ass. Et huet wéi en Dialogue de sourds gewierkt. D’Fra ass ëmmer méi stuer ginn, wéi si gefrot ginn ass, wou de Puppelchen da wier. “Dir klaut gären d’Kanner vun de gudde Mammen, dat ass d’Realitéit”, esou eng vun den Aussoen. Dem Bianka géing et gutt goen an et wier bei enger Frëndin.