
Et sollen 12 Klassesäll fir 280 Kanner aus der Grondschoul entstoen. Fir d'Rentrée 2023 sollen d'Dieren opgoen.
Dat präziséiert d'Familljeministesch Corinne Cahen an hirer Äntwert op eng parlamentaresch Fro vum David Wagner vun Déi Lénk.
Den Deputéierte wollt wëssen, firwat de Centre d'éducation différenciée zoumécht. Hei am Gebai koume jo Demandeurs de protection internationale (DPI) bis elo ënner. Am September krut den OLAI e Schreiwes, d'Awunner misste virum 15. Dezember d'Gebailechkeete verlooss hunn. Ëm de Relogement vun den EDIFF-Leit soll den OLAI sech këmmeren, dat an enker Zesummenaarbecht mat der Caritas an dem Office social communal.
Dass d'Gebai elo anerwäiteg géif genotzt ginn, wier d'un commun accord tëscht de betraffene Ministèren, der Administration des bâtiments publics an dem OLAI decidéiert ginn, sou d'Corinne Cahen.
Am Juli hat den Educatiounsminister Claude Meisch de Projet schonn annoncéiert.