Um Site vun der Chamber12 nei Petitioune kënnen ënnerschriwwe ginn

RTL Lëtzebuerg
Dës Petitioune musse bis den 9. Mee op d’mannst 4.500 Signataire beienee kréien, fir dass et zu engem ëffentlechen Debat an der Chamber kënnt.

Um Site vun der Chamber kann een 12 nei Petitiounen ënnerschreiwen.

Ënnert anerem gëtt d’Aféiere vu syntheteschem Pëtrol op den Tankstelle gefuerdert. D’Sprit-Präisser sollte just nach mat enger super-reduzéierter TVA verkaaft ginn, fir d’Präisser ze drécken.

Ee Petitionär setzt sech derfir an, dass ee just nach soll 4 Deeg an der Woch musse schaffen, also mat fräiem Mëttwoch.

Ee weidere Petitionär wëll gär, dass de Militärdéngscht am Land nees obligatoresch gëtt.

Eng weider Petitioun da fuerdert en Ewechfale vun der obligatorescher Maskeflicht am ëffentlechen Transport.

Déi komplett Lëscht fënnt een op chd.lu.

Iwwregens huet d’Petitiou, déi en Erofsetzen vun de Präisser vum Sprit fuerdert an zanter Ufanks des Mounts ënnerschriwwe ka ginn, scho 97% vun den Ënnerschrëfte beienee kritt. Se leeft nach 17 Deeg.

Iwwersiicht vun den neie Petitiounen

  1. Baisse provisoire du prix des carburants par le biais d’une suspension de la perception des accises et/ou de l’application d’un taux TVA intermédiaire, voire d’un taux TVA réduit (2267)
  2. Aféieren vu syntheeteschem Petrol op den Tankstellen zu Lëtzebuerg / Pétrole synthétique aux stations-service du Luxembourg (2268)
  3. Favoriser le télétravail et renégocier les accords avec les pays frontaliers pour parer à l’explosion du prix des carburants (2270)
  4. Tarifs de Post proportionnels au poids du colis (2272)
  5. Autorisation du port d’une visière fumée/noire (2275)
  6. Ein Sportkommissar für Luxemburg (2276)
  7. Réintroduction du service militaire obligatoire luxembourgeois (2278)
  8. Anerkennung ausländischer Zeugnisse die keine Hochschulabschlüsse sind (2279)
  9. Pour un port du masque facultatif dans les transports publics (2281)
  10. 4 Schaffdeeg an der Woch (Méindes, Dënschdes, Donneschdes an Freides) (2282)
  11. Abandon du projet de loi entendant obliger les copropriétés à prévoir chaque mois une certaine somme d’argent pour effectuer des travaux (2285)
  12. Mémorial aux victimes civiles du conflit ukrainien / Gedenkstätte für die zivilen Opfer des Ukrainekonflikts (2288)

Ënnerschreiwe kann een op petitiounen.lu.

Back to Top
CIM LOGO