Chamber huet ofgestëmmt12 Stonnen den Dag a 60 Stonnen d’Woch an der Santé

RTL Lëtzebuerg
Well ëmmer méi Leit aus dem Santés- a Fleegesecteur selwer sech mam Covid ustiechen, huet d’Chamber méi laang Aarbechtszäiten an deene Secteure gestëmmt.

Bis Enn vum Joer kënnen Employeuren an deenen essentielle Beruffer beim Aarbechtsministère ufroen, fir hir Leit bis 12 Stonnen den Dag, respektiv 60 Stonnen d’Woch, schaffen ze goen. Normalerweis gesäit d’Aarbechtsrecht 8 Stonnen den Dag, respektiv 40 Stonnen d’Woch, vir.

Et falen ënnert d’Gesetz och Aktivitéiten an de Spideeler an a Laboratoiren, sou wéi dat Personal, dat fir d’Betreiung vu Kanner zoustänneg ass, déi an enger "mesure de garde" sinn.

Et wier ee Gesetz, op dat ee ganz gär verzicht hätt, esou den Dan Kersch. Den LSAP-Aarbechtsminister sot, d’Gesetz wier preventiv an zwar fir de Fall, wou d’Situatioun sech géing verschäerfen. D’Gesetz gouf mat de Stëmme vun DP, LSAP, Gréng, ADR a Piraten ugeholl.

Och ëmmer méi Enseignantë falen aus, well se a Quarantän oder mam Covid an Isolatioun mussen. Dowéinst huet d’Chamber Ännerunge beim Rekrutement vu Personal fir Schoulen a Lycéeë gestëmmt. Sou gëtt den Asaz vu Remplaçantë vereinfacht: se mussen net méi onbedéngt e Stage gemaach hunn oder eng Attestatioun vum regionalen Direkter hunn. Och an de Lycéeë kenne Remplaçanten agesat gi bei Coursen, déi vun de Proffen op Distanz gehale ginn. D’Dispositioune gëlle bis Mëtt Juli.

Back to Top
CIM LOGO