Wat mécht Kanner zu Lëtzebuerg glécklech a wat mécht hinne Suergen? Den neie Joresrapport vum OKAJU weist: Famill a Frënn si wichteg, mä Zukunftsängscht, Drock an der Schoul a Gewalt belaaschte vill Jonker.
Den Ombudsman fir Kanner a Jugendlecher, de Charel Schmit, ass de Moien eisen Invité vun der Redaktioun a mir schwätzen driwwer, datt Jonker eescht geholl wëlle ginn an iwwer e vereelstent Jugendstrofrecht a Jugendschutz, deen am Prisong seng Limitten huet.
De Charel Schmit ass um 8 live am Interview.
Rendez-vous fir den Interview mam Invité vun der Redaktioun all Dag vu méindes bis freides um 8 Auer op RTL Radio Lëtzebuerg an am Livestream och op RTL.lu an an der App (Audio a Video). Op RTL.lu an op RTL Play ass d'Emissioun dono och am Replay ze fannen.