Sensibiliséierungscampagne géint Arnaquen “Léif Boma, léiwe Bopa, loosst iech net beducksen”

Monica Camposeo
Eeler Leit si besonnesch vulnerabel fir Affer vun enger Arnaque ze ginn. Ënnert dem Slogan “Léif Boma, léiwe Bopa, loosst iech net beducksen” lancéieren de Familljen- an den Inneministère, esou wéi och d’Police eng Sensibiliséierungscampagne.
“Léif Boma, léiwe Bopa, loosst iech net beducksen”
D'Autoritéite lancéieren eng nei Sensibiliséierungscampagne géint Arnaquen

Arnaque eeler Leit / Reportage Monica Camposeo

D'Enkelin schreift mat enger neier Handysnummer: "Boma, ech sinn et. Ech krut mäin Handy geklaut. Kanns du wannechgelift séier 500 Euro op dëse Konto iwwerweisen, fir dass ech mir en neie kafe kann? Et ass wichteg!" Hannert dësem Message stécht awer eng onbekannt Persoun, déi déi eeler Fra beklaue wëll. De sougenannten Enkeltrick ass mëttlerweil bekannt, mee esou Arnaquë ginn et der ganz ënnerschiddlecher, warnt den Thierry Fehr, Member vun der Zentraldirektioun vun der Police. Nieft dem Bedruch online oder per Message gëtt och dacks un der Hausdier oder um Telefon probéiert, d'Leit ze beducksen.

© MFSVA

Speziell d'Informéieren iwwert déi verschidden Zorte vun Arnaquen ass wichteg. Den Enkeltrick ass nämlech just ee vun de méi bekannte Beispiller. Wann eeler Leit d'Demarchë kennen, ass et méi einfach, esou Arnaquen ze entlarven. Dofir soll och mat Seniore-Clibb zesumme geschafft ginn.

De Problem huet däitlech zougeholl

© Lynn Cruchten

Tëscht 2020 a 2024 sinn déi registréiert Fäll bei Leit iwwer 65 Joer vun 184 op 907 geklommen. Fir si ze schützen, sollen awer net nëmmen déi eeler Leit selwer sensibiliséiert ginn, esou de Familljeminister Max Hahn, mä och hir Familljen an hiren Entourage solle sech mam Thema auserneesetzen, fir méi opmierksam ze sinn. Et gëtt nämlech ëmmer méi schwéier, déi neisten Arnaquen ze duerchkucken, och wann ee bedenkt, dass Stëmme mat enger KI kënnen nogestallt ginn. Duerch d'Informatioun solle sech d'Leit méi sécher fillen, betount den Inneminister Léon Gloden, a gestäerkt um ëffentleche Liewen deelhuelen, amplaz sech aus Angscht ze isoléieren. Dowéinst wier et wichteg, ëmmer nees d'Leit drun ze erënneren, virsiichteg ze sinn. Eng Iddi wier et zum Beispill, en Ziedel bei d'Dier ze hänken, deen een drun erënnert.

© MFSVA

D'Police réit: Dier zou a fir d'éischt d'Identitéit iwwerpréiwen. Um Telefon léiwer direkt anhänken, wann engem eppes komesch virkënnt, an eventuell duerno zeréck uruffen. Wichteg ass et, sech net ënner Drock setzen ze loossen. A wann eng Kéier eppes geschitt, soll een esou séier wéi méiglech bei der Bank Bescheed soen an eng Plainte bei der Police maachen.

D'Schreiwes vun den zoustännegen Autoritéiten

© MFSVA

Back to Top
CIM LOGO