
13 Betriber hunn dëse Mount eng Demande gemaach, fir kuerz ze schaffen an 13 Mol gouf dat accordéiert. Dat huet de Konjunkturcomité e Mëttwoch de Moie matgedeelt. 13 Betriber, dat ass ee méi wéi de Mount virdrun. Vun deen alles an allem 1.890 Salariée vun dëse Betriber dierften der 800 kuerz schaffen.