All 14 Meter eng Fläsch oder Dous13 Gemengen hu ronn 6 Tonnen Offall aus Gewässer geholl

Chris Meisch
Trotz der erfollegräicher Aktioun „Mobilisation pour des rivières propres“ wäert Lëtzebuerg d’europäesch Waasserdirektiv, déi e gudden ekologeschen Zoustand vun de Gewässer bis 2027 virgesäit, wuel net erfëlle kënnen.

Ronn 6 Tonnen Offall goufen am Kader vun der interkommunaler a grenziwwerschreidender Aktioun „Mobilisation pour des rivières propres“ laanscht d‘Uwänner vun der Uelzecht, der Kor an de Baache ronderëm opgeraf a recycléiert. Dat goung aus dem Bilan vum Ëmweltminister ervir, deen e Méindeg d’Resultater vun der grouss ugeluechter Botzaktioun presentéiert huet. Zwou Woche laang hunn 13 Lëtzebuerger Gemengen mat e puer franséische Partner zesummegeschafft, fir den Offall ewechzehuelen.

13 Gemengen hu ronn 6 Tonnen Offall aus Gewässer geholl

Insgesamt goufen 78 Kilometer laanscht oder souguer duerch d‘Flëss a Baache vun de Gemengenaarbechter, Mataarbechter vum CIGL a Proaktiv kontrolléiert a gebotzt. Den Offall besteet virun allem aus Plastiksfläschen, Glasfläschen a Metalldousen. Am Detail goufen 2.500 Plastiksfläschen, 1.200 Glasfläschen an 1.900 Metalldousen agesammelt. Op déi ganz Streck gerechent entsprécht dat enger Fläsch oder enger Dous op all 14 Meter. Nieft dem Plastik gouf awer och nach éischter méi aussergewéinlechen Offall fonnt, dorënner eng Autosbatterie, ee Stroosseschëld, elektronesch Apparater an esouguer ee Sak Zement.

Wierklech verwonnerlech, sou de Jacques Mersch, Representant vum „Flossvertrag Uelzecht“, wier de Bilan awer net.

„Also ech gi vill duerch d‘Baachen an do huet een eebe gesinn, dass ëmmer vill Offall an de Baache läit. Dofir hu mir dat och zesumme gedroen, well et ass dat Zesummendroe wat méi spektakulär ass. Dofir hu mir och gesot, et ass derwäert eemol flächendeckend eng Aktioun ze maachen, fir mol eng Kéier quasi een Nullpunkt ze erreechen.“

Déi 13 Gemengen, déi matgemaach hunn, konnten hir Botzaktioune selwer koordinéieren. Nom Asammele gouf den Offall op Téiteng bruecht, wou den Tri gemaach ginn ass. D‘Gemeng Keel-Téiteng ass eng vun den 13 Gemengen aus der Flosspartnerschaft. De Buergermeeschter Jean Weiler weist sech zefridde mat der Botzaktioun.

„Ech wier natierlech méi zefridden, wa keen Dreck hei géing leien, dofir ee groussen Opruff un all d‘Bierger, fir Verantwortung z‘iwwerhuelen a keen Dreck ze maachen, ze recycléieren a jidderee soll säin Deel dozou bäidroen, dass mir eng propper Ëmwelt an eng propper Natur hunn.“

Et wier erstaunlech, datt mir Mënschen och haut nach ëmmer esou vill Knascht an eise Gewässer entsuergen, sou den Ëmweltminister Serge Wilmes, dee gläichzäiteg bedauert, dass Lëtzebuerg d’europäesch Waasserdirektiv, déi e gudden ekologeschen Zoustand vun de Gewässer bis 2027 virgesäit, wuel net erfëlle wäert.

„Mir wäerten dat net erfëllen, kee vun eise Gewässer wäert deem entspriechen. Et ginn Ursaachen dofir, an awer musse mir et fäerdeg bréngen, als modernt Land, wat déi finanziell Moyenen huet, fir kënnen dofir ze suergen, dass d‘Qualitéit vun de Gewässer sech wäert verbesseren.“

Verbessere wéilt een d‘Qualitéit vun de Gewässer, sou nach den Ëmweltminister, andeems Flëss a Baache renaturéiert ginn. Weider heescht et, dass een d‘Ofwässer misst verbesseren, andeems bei de grousse Kläranlagen eng véiert Rengegungsstuf agebaut gëtt.

D’Botzaktioun soll och d’Bevëlkerung sensibiliséieren an drop opmierksam maachen, wéi séier Offall an der Natur lande kann, a wéi wichteg et ass, verantwortlech mat der Ëmwelt ëmzegoen.


D’Schreiwes vum Ëmweltministère an d’Resultater vun der Botz um Site vum Ministère.

Back to Top
CIM LOGO