Den onqualifizéierte Mindestloun dierf net duerch politesch Decisiounen an d'Luucht gesat ginn an de qualifizéierten, deen 20 Prozent méi héich ass, soll ofgeschaaft ginn. Dat huet d'Handwierkerfederatioun op enger Pressekonferenz deklaréiert, op där hire Generalsekretär Romain Schmit fir e "Rundumschlag" kee Blat virun de Mond geholl huet. D'EU-Direktiv fir de Mindestloun vun 2022 seet, d'Memberstaate kéinte sech un Indicateuren orientéieren, wa se hire Mindestloun festleeën. E kéint 60 Prozent vum Median- oder 50 Prozent vum Duerchschnëttsakommes duerstellen. Den Aarbechtsminister Marc Spautz hat sech déi lescht Woch am Paperjam fir de Median als Referenz ausgeschwat, sot awer och, dat géing mat de Sozialpartner an am Regierungsrot diskutéiert ginn.
Der Fédération des artisans no géing de politeschen Debat eng Rei Realitéiten an de Betriber ignoréieren. Fir unzefänken, datt de Mindestloun zanter 2022 schonn ëm 17 Prozent geklommen ass. Dann awer och, datt an der Industrie d'Medianakommes 4.800 Euro wier, am Bausecteur 4.200 an am Horeca 3.300. Par Rapport zu deene Secteure géif den onqualifizéierte Mindestloun vun 2.700 Euro schonn 10 Prozent méi ewéi 60 Prozent vum Median entspriechen. De Finanzsecteur an den ëffentlechen Déngscht géingen d'Realitéit "verfälschen", esou de Romain Schmit, Generalsekretär vun der Handwierkerfederatioun.
D'Handwierkerfederatioun huet dann och drop higewisen, datt d'Produktivitéit stagnéiere géing, iwwerdeems de Chômage klëmmt. D'Realwirtschaft wier "um Buedem" iwwerdeems d'Betriber sech wéinst der aktueller geopolitescher Lag nees méi héich Energiekäschten erwaarden. All Hausse vum Mindestloun géing Ëmfroen no de Betriber dräi Optiounen loossen: Präisser an d'Luucht setzen, manner astellen oder un hire Margë krazen. All Hausse vum Mindestloun géing nämlech d'Betriber och meeschtens forcéieren, déi aner Paien an d'Luucht ze setzen. "Mataarbechter reagéieren och relativ sensibel dorobber", esou de Romain Schmit. Wann déi niddreg Paie klammen an déi driwwer net, "da kritt Dir eng Revolte am Betrib."
D’Iddi vun den Oppositiounspolitiker, fir eng Hausse vum Mindestloun de Betriber ze kompenséieren, géing der Handwierkerfederatioun no beweisen, datt se "e schlecht Gewëssen" hätten. Et wéilt een awer keng Kompensatioun, mä ganz einfach keng Hausse vun de Léin. De Mindestloun wier indexéiert a géing donieft all zwee Joer un déi generell Lounentwécklung ugepasst ginn. D'Federatioun fënnt, datt dat duergeet. A se ass sech bewosst, datt d'Fuerderung fir de Qualifizéierten ofzeschafen "eng staark" ass, mee "mir si grouss Jongen": D'Betriber hätten d'Moyenen, fir d'Qualifikatioun vun hire Leit selwer ze bestëmmen. Notamment mat Barèmen, déi a Kollektivverträg mat de Gewerkschafte verhandelt ginn.
Hei huet de Romain Schmit op de Problem higewisen, datt am Aarbechtsrecht "vides juridiques" wieren an hien huet ausgedeelt: viru laanger Zäit wiere sech d'Sozialpartner Eens gewiescht, datt aus Sécherheetsgrënn Alkohol oder Drogen oder, wéi de Romain Schmit et bezeechent huet: "den A***** voll hunn", um Bau e Grond fir eng Entloossung kéinte sinn, mee wéinst dem "principe de faveur", also well gemengt gi wier, et géing een engem eppes ewechhuelen, wier dat an engem Urteel gekippt ginn. De Romain Schmit huet de Witz gemaach: "do ware mer eis eens ënner Sozialpartner an do kënnt e Riichter a seet: 'Oh Nee, ëm Gottes Wëllen, ech ginn och mëttes mäi Patt ëmmer huelen. Nee, nee, nee, kënne mer net maachen.'"
Fir de Leit mat niddrege Revenuen entgéintzekommen, schwätzt sech d'Federatioun fir weider Steierkreditter aus. Donieft kéint een de Betriber méi steierlech Ureizer ginn, fir mat Primmen hir Leit um Resultat ze bedeelegen. De maximalen Taux vu 5 Prozent vum Resultat fir d'Prime participative wier fir déi meescht kleng Betriber ze niddreg, well de Montant, deen een ënnert den Aarbechter kéint deelen, dann och ze kleng wier. D'Federatioun proposéiert och eng progressiv Reduktioun a Funktioun vum Gehalt oder nach, datt d'Primm eleng fir Betriber mat manner ewéi 250 Leit limitéiert gëtt.
Betriber a schaffend Leit wéinst Logement ënner Drock
Op d'Gewerkschaften huet de Romain Schmit eigentlech net geklappt. Um Enn hu mir hien och gefrot, ob ee sech déi ganz Diskussioun iwwert de Mindestloun net hätt kënne spueren, wann et endlech genuch bezuelbare Wunnraum am Land géing ginn, besonnesch an der Stad, wou 40 Prozent vun den Aarbechtsplaze sinn, mee just 20 Prozent vun den Awunner. "Firwat soll ech Iech do draschwätzen, Dir hutt alles gesot", esou de Romain Schmit.
Hie sot awer allerdéngs och, d'Gemengepappen a -mamme géingen him wéinst dem Widderstand vun Awunner bei Diskussiounen iwwert Bebauungspläng "Leed doen". "Wat s de der do muss undoen! (...) Ech verstinn net firwat déi [Buergermeeschter] nach un där Gemengenautonomie esou pochen. Ech wier frou, wann ee mir déi Diskussioun géing ofhuelen!"