Mir mussen eis hei zu Lëtzebuerg net direkt Gedanken maachen, dass hei am Land eppes wéinst dem Irankrich geschitt. Mee an dësen Zäiten mat Krise lénks a riets, misst eis Arméi awer, wéinst dem Solidaritéitsprinzip, verstäerkt operationell sinn. Dat sot de Generol Steve Thull. De Chef d’État-Major vun der Lëtzebuerger Arméi war en Dëmschdeg de Moien eisen Invité vun der Redaktioun.
Natierlech wier et esou, dass een als klengt Land ni d’Kraaft huet vun engem Groussen, an dass et awer déi Grouss sinn, déi d’Richtung decidéieren. Et hätt een awer Valeuren, déi ee wéilt verdeedegen, deementspriechend géing ee sech besser opstellen, fir e solidareschen Effort par Rapport zu den Alliéierten ze maachen an fir den neien NATO-Ufuerderungen gerecht ze ginn. Dat bräicht awer Zäit. Schonn eleng wéinst de Liwwerzäite vum Material, wéi zum Beispill Loft-Rakéiten. Déi wieren zwar bestallt, mee dat wiere Prozesser, déi géinge Joren daueren. “Also wann een elo kuckt, hu mer haut dat Material? Nee, mee mer sinn op dem Wee, fir dat ze implementéieren,” sou de Generol.
D’Arméi muss operationell bleiwen
Och d’Personal misst nach weider opgestockt ginn. Déi rezent Beméiungen a politesch Decisioune géingen an déi richteg Richtung goen, mee géifen awer net duergoen. D’lescht Woch gouf an der Chamber d’RICO-Gesetz gestëmmt, mat deem de Repos an d’Zoulage fir Zaldoten nei gereegelt ginn. Zum Beispill wa si an d’Ausland fir Traininge ginn oder fir militäresch Operatiounen. Virun dem Gesetz wier et esou gewiescht, dass iwwerproportional vill Leit nom Exercice fräi gestallt waren, sou dass d’Kasär quasi eidel gewiescht wier. Mat dem RICO-Gesetz géing een en Equiliber schafen. Als Beispill: wann ee 4 Wochen muss fir een Exercice an d’Ausland goen, dann hätt een duerno 6 Wochen Recuperatioun kritt. Elo wieren et 3 Wochen. “Dofir hunn ech mech scho gewiert, well mer gären eng operationell Arméi sinn,” sou de Generol Thull.
Work-life balance ass e Spagat
Haut géingen an de Familljen ebe béid Elterendeeler schaffen an et géing awer och e Besoin ginn, fir no de Kanner ze kucken. Et wieren awer grad och déi jonk Leit, déi missten an d’Exercicer goen. Déi also x Wochen am Joer fort sinn. Dofir misst een déi ganz Work/life balance an d’Ufuerderunge vun der moderner Gesellschaft au fur et à mesure adaptéieren. Grad wann een an d’Missioune geet, wier ee souguer bis zu 6 Méint fort. “Dat ass reellement komplizéiert [...] ,do hunn ech keng gutt Solutioun parat”, sou den Steve Thull.
Bräicht d’Arméi net e separate Statut, ofgekoppelt vum Fonctionnaire? “Dat ass genau de Punkt”, äntwert de Generol. Aktuell géing d’Arméi grosso modo no de Reegelen spillen, déi de Staat de Fonctionnairen operleet. Mee do bräicht ee méi eng grouss Flexibilitéit.
Am Oktober geet de Steve Thull an d’Pensioun. Dann iwwerhëlt de Claude Robinet. Op dee kéim dann d’Ëmsetzen vun alle NATO-Engagementer duer, sou den Steve Thull.
E Mëttwoch de Moie war ënner anerem den Irankrich Theema an der Emissioun “Invité vun der Redaktioun”.
Rendez-vous fir den Interview mam Invité vun der Redaktioun all Dag vu méindes bis freides um 8 Auer op RTL Radio Lëtzebuerg an am Livestream och op RTL.lu an an der App (Audio a Video). Op RTL.lu an op RTL Play ass d’Emissioun dono och am Replay ze fannen.