Nom 98er 95er, Diesel a Masutt ginn e gudde Krack méi deier

RTL Lëtzebuerg
No Hallefnuecht klammen d'Präisser fir de 95er, den Diesel, den Heizungsmasutt an den LPG däitlech.
D'Präisser klammen däitlech
D’Präisser klammen däitlech
© RTL Grafik

Nom 98er ass et no Hallefnuecht och beim 95er Bensinn en neie Präis op der Pompel. Ee Liter kascht dann 1,654 Euro, wat eng Hausse vun 8,7 Cent de Liter ausmécht.

De Präis fir e Liter Diesel wäert och klammen, ëm 5,6 Cent op 1,828 Euro de Liter.

Beim Heizungsmasutt klëmmt de Präis ëm 5,4 Cent op 1,278 Euro de Liter, wärend et beim LPG eng Hausse vu 7,8 Cent op 0,882 Euro de Liter ass.

Back to Top
CIM LOGO