Site vun der Chamber13 nei Petitioune fir d'Ënnerschrëfte fräi ginn

Kevin Kayser
Zanter en Donneschdeg an nach bis de 4. Abrëll, kënnen 13 nei Petitiounen ënnerschriwwe ginn.

Eng éischte Petitioun fuerdert, datt de Congé collectif am Summer am Bausecteur a fir d'Génies civiles sollt ofgeschaaft ginn. De Grond fir d'Petitioun ass, datt et am Land vill Chantiere ginn an duerch de Kollektiv Congé d'Produktioun op eben dëse Chantiere géif wärend 3 Wochen am Summer ewechfalen.

Eng weider Petitioun kuckt op d'Rente vun de Leit. Hei heescht et, datt fréier am Stot just 1 schaffe gaangen ass an dowéinst haut béid Persounen am Alter mat enger Rent missten hikommen. Dofir sollt fir e Fong ageriicht ginn, un déi d'Fleegeversécherung ugegliddert ass, fir esou deene Leit ze hëllefen an d'Schéier tëscht Aarm a Räich am Alter net nach méi grouss ka ginn.

Da soll eng International Schoul am Westen vum Land entstoen, fir datt Elteren, déi eng aner Sprooch schwätzen, och hir Kanner hei aschreiwe kënnen. Et wier esou méi einfach, sou de Petitionär, fir d'Leit zu Lëtzebuerg z'integréieren.

Da kuckt e Petitionär op d'Frontalieren. Hei soll de Poststempel bei engem Krankeschäin, deen un de Patron geet, gëllen. Domadder géif evitéiert ginn, datt d'Leit entlooss ginn, well hire Bréif duerch den internationale Posttransport ze spéit beim Patron ukënnt.

Vum Krankeschäin da bei d'Medezin. Hei gëtt gefuerdert, datt och alternativ Heelmethode wéi Akupunktur oder Homeopathie och vun der Krankekeess iwwerholl ginn. Esou géif een de Leit den Accès fir dëse Volet vun der Medezin zougänglech maachen, erkläert de Petitionär.

En neit Schoulfach soll dann agefouert ginn. Dëst soll sech fir d'Toleranz, d'Versteesdemech an d'Akzeptéiere vun der Diversitéit asetzen. Wann een dëst am jonken Alter géif léieren, géif een domadder den Haass géint Leit, déi anescht sinn, evitéieren an Tëschefäll, déi op Haass baséieren, géifen zeréckgoen.

D'Datumer um Permis sollen ugepasst ginn. Hei fuerdert de Petitionär d'Upasse vum generelle Gëltegkeetsdatum vum Führerschäin un de Gëltegkeetsdatum vun der längster Kategorie Pour l'harmonisation de la date générale de validité des permis de conduire avec la date de validité de la catégorie la plus longue.

Geet et dem nächste Petitionär no, misst de Congé paternel fir Männer a Fraen identesch laang sinn. D'Fraen hunn aktuell fir dës Periode ronderëm d'Gebuert 3 Méint ze gutt, Männer dogéint just 10 Deeg. De Petitionär fuerdert, datt d'Männer och 3 Méint kréien, fir der Fra virun a wärend der Gebuert besser zur Säit kënnen ze stoen an dono och méi an der Educatioun vum Kand kënnen deelhuelen.

D'Busarrêten an der Avenue Kennedy um Kierchbierg sollen nees kommen, esou wéi et an der Pré-Tram-Zäit war. Als Argument gëtt geholl, datt vill Notzer vum ëffentlechen Transport zanterdeem vill Zäit verléieren, well ee vum Bus op den Tram muss wiesselen. Déi aktuell Situatioun géif d'Leit net animéieren, den ëffentlechen Transport ze huelen.

Eng Petitioun beschäftegt sech mat der CNS. Hei gëtt gefuerdert, datt d'Fraise vum Osteopath ouni Delai solle bezuelt ginn. Dës Therapie bréngt der Petitioun no a verschiddene Fäll de Leit méi, an hëlleft och der CNS, fir onnéideg Fraise fir aner Traitementer auszeginn.

Da missten d'Rechter vum Co-Proprietär vis-à-vis vun de Locatairë méi gestäerkt ginn. Well, wa Locatairë sech net un déi intern Reglementer vum Haus halen, fält dëst op d'Proprietären zeréck. Sollt deen awer net dorobber reagéieren, passéiert och näischt. Mat der Petitioun sollen d'Co-Proprietär méi Rechter kréien, fir hir Saachen an hire Liewensstandard ze schützen.

D'ULC huet dann eng Petitioun deposéiert, wou een de Stopp vun onsozialer an ongerechter Fraise-Politik vun de Banken an der Post fuerdert. Dës gouf um Donneschdeg am Detail op enger Pressekonferenz virgestallt.

Déi lescht Petitioun, déi nei dobäi koum, betrëfft nees den ëffentlechen Transport. Hei gëtt gefuerdert, datt déi 1. Klass, esoubal den ëffentlechen Transport gratis gëtt, reservéiert wier, fir Persoune mat reduzéierter Mobilitéit, déi net onbedéngt op e Rollstull ugewise sinn. Mat der Ännerung géif dës Klass net méi gebraucht ginn an hätt esou awer nach eng Dosinnsberechtegung. Esou géif ee méi Plaze fir déi Leit ouni gréisser Käschte an Opwand schafen.

Back to Top
CIM LOGO