
De Lëtzebuerger Tourismussecteur boomt weiderhin. 2025 war jo schonn e Rekordjoer an och déi éischt Méint vun 2026, vu Januar bis Juli, weise weider Haussen: 3 Prozent méi Arrivéeën a 6 Prozent méi Iwwernuechtungen.
Extrem prononcéiert ass de Succès op de Campinge gewiescht. D’Bedreiwer mellen 13 Prozent méi Iwwernuechtungen. Dat wier net just duerch dat gutt Wieder z’erklären, mee och well d’Leit ëmmer méi de Kontakt mat der Natur sichen an och d’Offer vun de Campinge sech vill diversifizéiert hätt. Vu Leit, déi Daachzelter um Auto hu bis hin zum Glamping, erkläert den zoustännege Minister Lex Delles.
Déi meescht Touriste kommen ëmmer nach aus Holland. Direkt duerno sinn et déi aus Däitschland, der Belsch a Frankräich. Et géing een awer och gesinn, dass ëmmer méi Leit aus den USA, England, Spuenien an Dänemark kommen, sou heescht et e Méindeg de Moien op enger Bilans-Pressekonferenz.
Beléiftsten Attraktioune sinn de Mëllerdall-Trail, d’Kasematten, d’Veianer Schlass an de Parc Merveilleux zu Beetebuerg.
Well ëmmer méi Leit iwwer Kënschtlech Intelligenz fuere fir sech punkto Reese beroden ze loossen, wëll de Ministère zesummen mat den Acteuren am Secteur an d’Qualitéit vun den Donnéeën investéieren, déi an d’KI gespeist ginn, sou nach den Tourismusminister Lex Delles.