Sief et d’Kees beim Bezuelen am Supermarché, eng App, fir d’Auerzäite vu Bus an Zuch ze kucken oder d’Bezuele mat der Kreditkaart um Handy. Gëtt et e Problem, fënnt een dacks mat Hëllef vun der IT eng Léisung, déi eis d’Liewe vereinfacht. Ma dofir brauch et awer Mënschen, déi kapabel sinn a wëssen, wéi ee programméiert oder e bestëmmten informatesche System benotzt. Den IT-Secteur hei am Land ass deen, deen am meeschte wiisst, ma och deen, wou déi meeschten Offer um Aarbechtsmarché ass, ma wou et leider awer net genuch forméiert Leit ginn.
Ronn 1.700 Plazen am IT-Secteur stinn den Ament bei der Adem op an nëmmen eng ronn 240 Kandidaten, déi déi néideg Kompetenze fir dës Posten erfëllen. Dobäi kënnt, dass den Job vum IT-Entwéckler deen ass, deen am meeschten hei am Land gesicht gëtt. Eng éischter exzeptionell Situatioun, sou d’Adem. Grond dofir wier deen, dass d’Lëtzebuerger Ekonomie virun allem vu Servicer gedriwwen ass. Ob dat elo am Finanzsecteur, dem ëffentlechen oder och an anere professionelle Secteuren ass. Iwwert déi lescht 7 Joer hätt ee gemierkt, dass vill méi IT-spezifesch Kompetenze bei bal all Job-Offer gefrot ginn. Zum Beispill fënnt ee vun 2015 un a bal 10% méi vun den Annoncen um Aarbechtsmarché d’Ufro, dass een als potentiellen neien Employé soll Donnéeë verschaffe kënnen. Dofir misst een d’Formatioun vu jonkem Alter un, mee och eng spéider Neiorientéierung, weider fërderen.
Fir där héijer Demande entgéintzewierken, huet den Educatiounsministère elo am Mee zejoert den “Digital Learning Hub” um Belval zu Esch opgemaach. Hei ginn den Ament 130 verschidde Coursen an de verschiddensten Beräicher vun der IT ugebueden. Ob dat elo am Programméieren, der Cybersecurity oder och dem “Design Thinking” ass, wou ee manner mat Computere schafft, mee méi den Denkprozess virun der Entwécklung vun enger Iddi viséiert.
Fir awer besonnesch op d’Demande vum IT-Entwéckler anzegoen, wäert d’nächst Joer “Ecole 42" um selwechte Site opgoen. Dat ass eng Software-Engineering-Schoul, déi 2013 zu Paräis gegrënnt gouf an déi et mëttlerweil op méi wéi 40 Plazen op der Welt gëtt. Hei geet et drëm, dass een ouni Proff, ouni Cours an ouni Klass 24 op 24 a 7 op 7 léiere kann ze programméieren. Dofir stinn um Belval 150 Computere prett, wou d’Studente kënnen Dag an Nuecht drop schaffen. Zil ass et och, gemeinsam zesumme weiderzekommen an ze léieren.
All Mënsch iwwer 18 Joer ass am “Digital Learning Hub”, kuerz “DLH”, wëllkomm. Et brauch ee keng besonnesch Viraussetzung, just de Wëllen an d’Motivatioun, fir eppes Neies ze léieren.
Eng ronn 200 Leit si bis dato hei scho forméiert ginn. 130 Coursë sinn den Ament um Programm, ob wärend dem Dag an Owes- oder Weekend-Coursen. An d’Offer soll no an no weider ausgebaut ginn. Pro Semester ginn dofir d’Coursen och ugepasst, fir sech der Demande um Marché unzepassen.
Fir bei der “Ecole 42" wéi och bei den anere Coursen am DLH matzemaachen, kann ee sech ganz einfach online umellen. D’Coursë kaschte 4 Euro pro Stonn, fir d’Presenz ze assuréieren, ma wann een awer op der Sich no enger Aarbecht ass oder Student ass, kann ee gratis matmaachen.