
Déi meescht Demandë koumen am Januar aus Syrien an Eritrea. De leschte Mount kruten 41 Leit de Statut vum Refugié unerkannt, dat sinn eng 35,7 Prozent vun den Demanden.
An de Joren 2017 bis 2019, also virun der Pandemie, sinn am Schnëtt pro Joer eng 2.191 Demanden op internationale Schutz zu Lëtzebuerg agaangen. An de Corona-Joren 2020 bis 2021 waren et der am Schnëtt dunn nëmmen nach 1.207 iwwer 12 Méint.
All Zuele fir de Mount Januar fannt Dir hei: