Gutt 1.400 Leit kruten zejoert eng Äntwert vum Immigratiounsministère op hir Demande fir eng international Protektioun - d’Hallschent krut de Flüchtlingsstatut och accordéiert. Iwwerdeems kruten 144 Persounen eng Protection subsidiaire, wat heescht, datt si net als Flüchtling unerkannt goufen, ma datt een awer dovunner ausgeet, datt et eng grouss Gefor fir hir Sécherheet an hirem Heemechtsland gëtt. Déi Zuelen huet den Ausseminister de Méindeg de Moie presentéiert.
E knappt halleft Joer, nodeems d’Taliban d’Muecht nees iwwerholl hunn, huet de Jean Asselborn d’Situatioun vun den Afghanen zu Lëtzebuerg an de Fokus gestallt. 517 Leit aus dem Afghanistan kruten zanter 2015 de Flüchtlingsstatut, wat 77 Prozent vun den Demanden ausmécht. A 36 Fäll hätt de Ministère awer opgrond vun neien Informatiounen d’Decisioun vum Refus réckgängeg gemaach, iwwerdeems och nach eng ganz Rei Recourse viru Geriicht sinn. Zréckgeschéckt gëtt awer keen.
“Mir hunn zanter 2015 keen afghanesche Matbierger an Afghanistan zréckgeschéckt, mat enger Exceptioun, wat e Problem war vun Ordre publique. Jidderee kritt also vun eisem Ministère aktiv gesot, dass, wann et bei engem Refus bleift, wat jo a leschter Instanz tranchéiert gëtt vum Geriicht, dann hëllefe mir déi Leit alleguer regulariséieren, sief et iwwert den Travail salarié, sief et iwwert de Statut vum Membre de famille, sief et iwwer raisons humanitaires.”
Eng Erausfuerderung zu Lëtzebuerg bleift de Logement vu Persounen, déi eng international Protektioun ugefrot, respektiv accordéiert kruten. Gutt 3.500 Better sinn den Ament an de 54 Strukturen uechter d’Land beluecht, déi domat zu 94 Prozent gefëllt sinn. Hei war et den Appell vum Minister un d’Gemenge fir matzemaachen.
“10 Ar, dat ass alles, wat mer brauchen, d’Gemenge brauche kee Su ze bezuelen, just 10 Ar eis zur Verfügung ze stellen, wou een dann 30 Better kéint opriichte fir Persounen, fir aner Foyeren ze entlaaschten a wou d’Leit da kënnen anstänneg liewen.”
D’Europäesch Unioun deet sech zanter Jore schwéier, an der Asyl- an Immigratiounspolitik op e gemeinsamen Nenner ze kommen - déi franséisch Presidence huet den zoustännegen EU-Minister d’lescht Woch eng etappeweis Approche proposéiert, fir virunzekommen. D’Stëmmung um informelle Ministerrot wier manner ugespaant gewiescht wéi soss, sou de Jean Asselborn, ganz optimistesch war den Ausseminister awer net.
“De Problem ass, wann och Däitschland a Frankräich eng grouss Zuel vun der Relocatioun huelen, dat heescht vu Leit déi gerett gi virun allem um Mier, da geet et net duer mat Finnland, Portugal, Irland a Lëtzebuerg, fir dann de ganze Recht ze bewältegen. Dat heescht mir bräichten eng Masse critique, dat huet och déi däitsch nei Inneministerin gesot an och den Darmanin. Mir bräichten awer eng Dose Länner, déi géife mat upaken, an da kéint een och wierklech déi Koalitioun vun de Willigen, wéi dat genannt gouf vun den Däitschen, eng Chance ginn, a mir géifen do als Lëtzebuerg evidenterweis matmaachen.”
Wat d’Immigratioun ugeet, sinn 2021 nees änlech vill Leit aus Europa zu Lëtzebuerg ukomm wéi virun 2020, gutt 17.000. D’Zuel vu Leit aus Drëttstaaten, déi eng Openthaltsgeneemegung kruten, war iwwerdeems méi héich wéi déi Jore virun der Kris mat iwwer 14.000 Titres de séjour. 201 Persounen an net reguläre Situatioune goufen aus Lëtzebuerg fortgeschéckt, dovunner 58 forcéiert Retouren.