Um Mëttwoch geet déi 680. Editioun vun der Schueberfouer op een Enn. Dëst Joer awer ouni dat traditionellt Freedefeier. Dës Decisioun gouf um Dënschdeg geholl no engem negativen Avis vum CGDIS. Firwat gouf dës Decisioun eréischt sou spéit geholl a wat geschitt mat deenen deiere Rakéiten? D‘Annick Goerens huet nogefrot.D‘Freedefeier um Enn vun der Schueberfouer gëtt ëmmer schonn e puer Méint am Viraus organiséiert an zu där Zäit wousst nach keen, dass et sou laang géing dréche bleiwen, präziséiert d‘Stater Buergermeeschtesch Lydie Polfer. Et hätt een nach op Reen gehofft, ma d‘Rettungsdéngschter kucken ëmmer een Zesummespill tëscht verschiddene Facteuren, erkläert den Christophe Theiß Chef vun der Preventiounsunitéit beim CIS Lëtzebuerg.
Engersäits géing déi meteorologesch Situatioun matspillen, dass et eben déi ganzen Zäit iwwer ganz dréchen a waarm war. Anerersäits géing och d‘Plaz, vun där of geschoss gëtt, eng grouss Roll spillen. Virun allem d‘Topologie am Eecher Bierg, wou d‘Bëscher relativ dier sinn an och schwéier accessibel fir d‘Equippen vum CGDIS.
D‘Stad Lëtzebuerg hat sech eigentlech engagéiert fir eng Zomm vu 15.000 Euro fir d‘Freedefeier, erkläert d‘Buergermeeschtesch.
„Mee mir hunn awer mat deem Artificier geschwat an vu dass mer och schonn méi laang zesumme schaffen - dat ass den nämmlechten, deen och d‘Freedefeier gemaach huet fir Nationalfeierdag - hu mer eis drop gëeenegt, dass Material zwar elo do ass, mee et gëtt jo net gebraucht. Dat heescht, mir wäerten also net déi do Zomm musse bezuelen. Mir wäerte just fir de Stockage bis d‘nächst Joer musse bezuelen an natierlech fir déi Aarbechten, déi bis elo jo awer gemaach gi sinn. Dat heescht, dat wäert esou ëm déi 4.000€ kaschten.
Et hätt een net kënnen de Risiko huelen, dass Leit zu Schued kommen. D‘Côte d‘Eich wier och wierklech schwéier accessibel an d’Beem wiere plazeweis scho brong. Et hätt ee wéi gesot nach bis zulescht op Reen gehofft, ma d‘Decisioun wier geholl. “Mir hoffen op d’nächst Joer”, sou nach d’Lydie Polfer.