
Seng Première huet d'Amina Oukili zu Stroossen an der ENSA, der École nationale de santé du Luxembourg gemaach, dat op der Sektioun "Sciences de la santé". Datt et säi Joer carrement als bescht Schülerin am Général aus dem Land ofschléisst, domat huet hatt op alle Fall net gerechent, zielt et:
"Dat war e bëssen onerwaart. Den Dag vu menger Diplomiwwerreechung huet meng Directrice mir moies ugeruff a mir dat matgedeelt an ebe gesot, dass et eben och Interessi géing ginn, datt d'Press géing mat mer schwätzen. Dat war an esou engem Niewesaz an ech war natierlech ganz erfreet doriwwer (...) Ech war mega frou doriwwer. Natierlech och bëssen Iwwerfuerderung an deem Moment. Et realiséiert een dat villäicht net direkt sou ganz".
Generell ass en Ofschlossjoer meeschtens mat relativ vill Stress an Drock verbonnen. Déi gréissten Erausfuerderung war et dobäi fir d'Amina, iwwert den Drock, deen et sech selwer gemaach huet, ewechzekommen. "An dann allkéiers wann ech u meng Grenze gestouss sinn, mech doduercher net ënnerkréien ze loossen, mee ëmmer rëm mer ze soen: 'Ok, du wëlls dat, du kanns dat, du mëss dat' an och da selwer u mech ze gleewen (...) Et däerf ee mol heiansdo e schwaache Moment hunn, mee et ass wichteg, dass een dann u sech selwer gleeft an einfach weider mécht."
Virun allem um Enn vum éischte Semester hätt d'Amina gemierkt, datt "e bëssen d'Loft eraus wier" an et eng Vakanz gebraucht hätt Och wier e konstanten Drock do gewiescht, an all Prüfung eng änlech gutt Leeschtung ze brénge wéi bei där virdrun. Gréisser Aschränkungen a sengem soziale Liewen respektiv e komplette Verzicht op seng Fräizäit, hätt et net misse maachen. Dobäi wier et awer wichteg gewiescht, seng eegen Approche ze fannen:
"Et kann ee lo net ëmmer dat maachen, op wat ee Loscht huet leider. Do muss een e bësse fir sech erausfannen: 'Wat kann ech? Wéi schnell kann ech léieren?' An do fir sech selwer ze fannen, wat gutt geet. Ech hunn dat fir mech fonnt. Ech weess, dass ech heiansdo e bësse konnt eppes op d'Säit drécken an dat dann herno zweemol sou schnell léieren. Mee ech wousst och, dass wann ech e bësse manner Motivatioun hat, dass ech och wierklech déi Zäit misst fir mech halen an da villäicht e bëssen zur Rou kommen an déi Zäit wierklech an d'Léieren investéieren"
Eng komplett Party-Abstinenz gouf et fir d'Amina also net: "Ech mengen et war zwee-, dräimol d'Joer, wou ech richteg Party gemaach hunn, mee lo net all Fräibéier oder sou, dat sécher net".
Zum Amina sengem Erfollegsrezept huet dann natierlech och déi néideg Grëtz Motivatioun gehéiert. Déi huet d'Schülerin aus dem Wonsch gezunn, e Medezinstudium unzefänken, am léifsten zu Düsseldorf. "Do wosst ech, dass ech eng gewësse Moyenne géing brauchen. Deementspriechend huet mech dat ëmmer rëm dozou bruecht, méi vu mer ze ginn, dat bescht wierklech vu mer ze ginn".
Aktuell mécht d'Amina Oukili e Stage - e sougenannte "Pflegepraktikum" - an engem Spidol zu Saarburg an Däitschland. Och dee wier fir säi Studium noutwenneg: "An den éischten zwee Joer vum Medezinstudium fir an Däitschland muss een e Pflegepraktikum absolvéiert hu vun dräi Méint. An dat dierf een - laut den däitschen Unien - scho virum Start vum Studium maachen an ech versichen eeben, zwee Drëttel dovunner scho virum Studium ze maachen, fir dass ech deen Drock herno net wärend dem Studium hunn. Well da wëll een déi Zäit, déi een huet, villäicht fir aner Saache benotzen". Säin aktuelle Stage géing et him erlaben, elo schonn en Abléck an d'Fleeg ze kréien a spéider dann eng gewësse Basis ze hunn.

Den Ament waart d'Amina drop, eng Zouso zu Düsseldorf ze kréien*. A wéi engem geneeë Beräich et sech spéider spezialiséiere wëll, dorop huet sech déi zukünfteg Studentin nach net festgeluecht, ma d'Neurochirurgie géif et aktuell besonnesch interesséieren. En definitive Choix wier dat aktuell awer, wéi gesot, nach net: "Ech loosse mäi Bléckfeld oppen. Et muss ee souwisou alles gesinn, dat heescht, et ka villäicht nach änneren".
Nächst Joer wäerte sech zu Lëtzebuerg dann nees dausende Schüler a Schülerinnen aus dem Classique a Général den Ofschlossexame musse stellen. Fir gutt duerch dat Schouljoer ze kommen an eng zolidd Leeschtung ze bréngen, huet d'Amina fir déi nächst Generatioun un Ofschlossschüler finalement dann och e puer Rotschléi parat: "U sech selwer gleewen, dat ass dat Allerwichtegst. Do ka jiddereen engem erziele wat e wëll, wann een net u sech selwer gleeft, da geet et net (...) A seng Opmierksamkeet op sech selwer riichten. Vun anere Saache sech net ze vill oflenken ze loossen. Och d'Resultater vun aneren, do ännert d'Leeschtung vun engem selwer iwwerhaapt net. Dat heescht, sech wierklech op sech selwer fokusséieren".
*No der Publikatioun vun dësem Artikel huet d'Amina eis informéiert, datt et zu Düsseldorf ugeholl ginn ass.