1927-200515. Doudesdag vun der Grande-Duchesse Joséphine-Charlotte

RTL Lëtzebuerg
D'Grande-Duchesse Joséphine-Charlotte ass den 10. Januar 2005 am Alter vu 77 Joer gestuerwen.
© Domaine public

Als Duechter vum belsche Kinnek Léopold III an der Prinzessin Astrid vu Schweden hat d’Joséphine-Charlotte schonn ëmmer eng enk Relatioun zu Lëtzebuerg. Nodeems hir Mamm an engem Autosaccident ëm d’Liewe koum, huet si fir hir Bridder Badouin an Albert gesuergt.

Den 9. Abrëll 1953 huet si dem Prënz Jean, dem deemolegen Ierfgroussherzog, d’Jo-Wuert ginn. Aus dem Bestietnes si 5 Kanner ervirgaangen: d’Marie-Astrid, den Henri (den aktuelle Grand-Duc), de Jean, d’Margaretha an de Guillaume. 9 Joer no der Hochzäit ass si mat der Ofdankung vun der Grande-Duchesse Charlotte am Joer 1964 selwer Grande-Duchesse ginn.

Am Schlass zu Fëschbech ass d’Grande-Duchesse Joséphine-Charlotte den 10. Januar 2005 no laangem Kampf géint de Longekriibs gestuerwen. 14 Joer méi spéit ass hire Mann no enger Longenentzündung am Alter vun 98 Joer verscheet.

© R. Marchand

Hochzäit vun der Grande-Duchesse Joséphine-Charlotte an dem Grand-Duc Jean

VIDEO: Le Mariage de LL.AA.RR. la Princesse Joséphine-Charlotte
Le Mariage de LL.AA.RR. la Princesse Joséphine-Charlotte de Belgique et le Prince Jean de Luxembourg
Ee Film vum René Leclere fir Gaumont Belgique

RTL-ARTIKEL: Grand Duchess Joséphine-Charlotte (1964-2000)

Back to Top
CIM LOGO