Kanner-Psychiatrie am CHL15 Joer am Déngscht vum Kand

Christophe Hochard
Zanter 15 Joer gëtt et d'Kanner-Psychiatrie am CHL. Jonker bis 13 Joer kréien hei eng Therapie ugebueden an Hëllef an hirem Alldag.
Kanner-Psychiatrie am CHL
Zanter 15 Joer gëtt et d’Kanner-Psychiatrie am CHL. Jonker bis 13 Joer kréien hei eng Therapie ugebueden an Hëllef an hirem Alldag.

Aacht Better stinn um Stack vun der Kanner-Psychiatrie zur Verfügung. Bis zu 6 Woche bleiwen déi jonk Leit hei a kréien eng Betreiung. Eng multi-disziplinär Ekipp hëlleft de Kanner, nees op d’Been ze kommen. Allerdéngs kréien och d’Elteren ënnert d’Äerm gegraff.

Angscht- a Verhalensstéierunge sinn déi heefegst Grënn fir eng Therapie an der Kannerklinik. Duerch d’Coronakris an d’Isolatioun wärend där Zäit, géifen och vill Kanner ënner Iessstéierunge leiden.

Back to Top
CIM LOGO