Zesummen aktivDen ZAK! krut seng 18 Joer

Isabelle Gillen
De leschte Sonnden huet d'asbl ZAK! - Zesummen aktiv - säin 18. Gebuertsdag mat 8 Stonne Basket gefeiert.
Den ZAK! krut seng 18 Joer
De leschte Sonnden huet d'asbl ZAK! - Zesummen aktiv - säin 18. Gebuertsdag mat 8 Stonne Basket gefeiert.

Et gouf gedribbelt, gepasst, geschweesst a gefeiert. Beim 18. Gebuertsdag vum ZAK! si Grouss ewéi Kleng aktiv ginn an hunn ënnert anerem an engem internationalen an an engem Very Nice People - Match ëm de Gewënn gekämpft. Dat ganzt op frëndschaftlecher Basis. Wat als Basketsequipp vun de Special Olymipcs ugefaangen huet, ass am September 2008 den ZAK! ginn, erzielt d'Grënnungsmember a Sekretärin vum ZAK!, Laurence Kirchen:

"Mir wollten eis méi op maachen, nach méi inklusiv schaffen a net nëmme Basket spillen, mee och nach aner Konschtaktivitéiten an aner Fräizäitaktivitéiten ubidden. Mir si schonn tauche gaangen, mir fueren an Schivakanz, an d'Summervakanz an iwwert déi Jore sinn ëmmer nei Aktivitéite bäi komm."

18 Joer zesummen aktiv. Et ass eng laang Zäit, an där vill geschitt ass an den ZAK! ouni Enn gewuess ass. Eng 200 aktiv Memberen zielt den ZAK! haut, donieft nach eng ganz Rei Leit, déi de Veräin ëmmer nees ënnert verschiddene Formen ënnerstëtzen. Den ZAK! freet sech iwwert all Ënnerstëtzung an Offer, fir eng Aktivitéit mat hinnen ze organiséieren.

Virun allem lieft den ZAK! awer vu sengen aktive Memberen, déi hei hir zweet Famill fonnt hunn. Si fueren zesummen an d‘Vakanz, entdecke nei Sportaarten an Aktivitéiten an ënnerstëtze sech géigesäiteg am Alldag. Fir déi meescht ass awer kloer, dass de Basket dee Sport ass, dee si all zesumme bréngt.

Vun 8 Auer moies un ass an der Sportshal um Krounebierg Basket gespillt ginn. D'Dammen- an d’Härenekipp vum ZAK!, déi och an der FLBB vertruede sinn a bei de Championnater matspillen, stoungen de ganzen Dag um Terrain. Fir d'éischt war et den ZAK! eleng, duerno mat verschiddene nationalen an internationale Ekippen. Och am Rollstull gouf gespillt an als lescht zesumme mat Frënn an der Famill.

Um Enn gouf et fir déi hongreg Sportler natierlech och e Stéck Gebuertsdagskuch. Mir wënschen dem ZAK! alles Guddes fir seng 18 Joer.

Back to Top
CIM LOGO