
Zu den Oploe gehéiert ënnert anerem eng psychiatresch oder psychologesch Behandlung. Am Februar 2015 hat d'Fra hire Mann zu Mäertert 3 Mol mat engem Messer gepickt, zwou vun de Blessure waren déidlech.
An der Koppel war et méi dacks zu Gewalt komm, ier et virun eppes méi wéi 4 Joer zu där zolitter kierperlecher Ausenanersetzung koum, un där hirem Enn de Mann am Spidol gestuerwen ass. D'Riichter hunn en Donneschdeg och nach d'Confiscatioun vum Messer gesprach.