Wéinst Bedruch15 Méint Prisong mat Sursis a Geldstrof an Héicht vu 500€

RTL Lëtzebuerg
Um Stater Geriicht gouf en Donneschdeg am Nomëtteg e Mann wéinst Bedruch verurteelt.
© afp

Hie gouf zu enger Prisongsstrof vu 15 Méint mat Sursis an zu enger Geldstrof vu 500€ condamnéiert. Donieft muss hien 3 Parties civiles am Ganzen 320€ bezuelen.

Dem Mann gouf virgehäit, sech tëscht September an November 2018 als Member vun zwee Dartsclubben ausginn ze hunn, déi et hei am Land awer net gëtt. Sou hat hie bei Geschäftsleit ugeklappt, fir dass déi him Sue ginn. Si sollten als Konterpartie eng Reklamm an der Broschür vun engem Tournoi kréien, wat awer net geschitt war. De Schued hat sech op op d'mannst 520 € belaf.

Back to Top
CIM LOGO