
Et feelt u Remplaçantë fir d’Enseignanten, déi den Ament ausfalen, ze ersetzen. De Minister hätt en Appell gemaach, datt ee sech elo misst am Enseignement flexibel organiséieren. Hannergrond ass, datt iwwer 15 Prozent vun den Enseignanten aus diverse Grënn net do sinn.
Nieft den normalen Erkältungen ëm dës Zäit kënnt elo nach de Covid dobäi an domat och Isolatioun, Quarantän oder Congé pour raisons familiales.
De Patrick Remakel, President vum nationale Syndicat vun den Enseignantë resuméiert: “De Minister huet gesot, datt si géinge probéieren, Leit ze rekrutéieren, well mer de Moment e Manque u Remplaçanten hunn. Sou soll evitéiert ginn, datt mer musse Klassen zesummeleeën, fir datt Leit net solle matenee vermëscht ginn.”
De Moment géing versicht ginn, mat de Moyenen, déi een huet, de Schoulbetrib weiderzeféieren. Vill Gemenge géingen awer elo scho keng Remplaçantë méi fannen. “Mesures d’appui” a “Cours d’accueil” missten ausfalen.
Patrick Remakel: “Dat heiten ass eng Situatioun, wou mer scho laang drop opmierksam gemaach hunn. Mer hunn net genuch Leit an de Schoulen. De Minister seet, mir probéieren ze rekrutéieren, mä mir sinn do net grad esou optimistesch wéi hien, datt dat a kuerzer Zäit esou geléngt.”
Och an de Lycéeë muss een an den nächste Wochen op Remplaçantë setzen. An op eng nei Mesure, déi festgehale gouf, wéi de Raoul Scholtes, President vun der Proffegewerkschaft Féduse ënnersträicht: “Et ass elo mol festgehale ginn, datt 3 Mol pro Woch e Covid-Schnelltest an der Schoul gemaach gëtt. An et soll och gekuckt ginn, esouvill wéi méiglech Leit ze fannen, fir Enseignanten opzefänken, déi wéinst Krankheet oder Quarantän ausfalen. Mer waren eis eens, datt mer den Homeschooling esouwäit ewéi méiglech evitéieren.”
Bis elo ass sech an de Lycéeën 2 Mol d’Woch getest ginn an eemol doheem. Klassereese solle fir d’éischt emol mol bis Ouschteren ausfalen, sou d’Annonce vum Minister. D’Féduse huet iwwerdeems nach eng Kéier hir Fuerderung no Loftfilteren an de Klassesäll gestallt.
Déi annoncéiert Verkierzung vun der Isolatiounsdauer gëtt vun de Gewerkschafte begréisst, well se kéint hëllefen, d’Situatioun liicht ze verbesseren. De Schoulbetrib soll esou laang wéi méiglech oprecht erhale ginn, doriwwer si sech déi 2 Gewerkschaftsvertrieder eens.
Am “Arts et Métiers” sinn aktuell 20 Enseignantë krank. Dovunner d’Hallschent wéinst Covid. Ënnert de Schüler ginn et eng 15 aktiv Fäll plus déi, déi doheem a Quarantän sinn. Ausflich an d’Ausland falen aus a nieft der Maskeflicht gëtt elo och méi getest. De Lycée um Lampertsbierg ass eng grouss Communautéit. Et ginn 1.800 Schüler an d’Personal besteet aus 430 Leit. Dovunner sinn 310 Enseignanten. Fir Direktioun ass et wichteg, datt d’Coursë soulaang ewéi méiglech oprecht erhale bleiwen.
Den Educatiounsminister schwätzt vun enger neier Erausfuerderung fir d’Schoul an der Coronapandemie. Den Ament feele ronn 10 Prozent vun den Enseignanten an der Grondschoul a 7 Prozent am Secondaire. Well si sech selwer mat Covid ugestach hunn oder e Covid-Fall am Ëmfeld hunn a Congé pour raisons familiales dowéinst geholl hunn. E Mëttwoch den Owend hat de Claude Meisch jo dowéinst eng Entrevue mat den Enseignantsgewerkschaften. Erkläerten Zil ass et, de Schoulbetrib sou wäit wéi méiglech oprecht z’erhalen. An de leschten Deeg goufen dowéinst 158 zousätzlech Kontrakter gemaach, déi bis Abrëll lafen, fir Remplaçanten ze fannen. Déi vill Ausfäll elo am Januar hätten dach e bësschen erféiert, sou de Minister. Et géif och nach weider no Personal gesicht.
Jee nodeem misst een och kucken, fir verschidden Tâchen eropsetzen oder Sprangstonnen tauschen, sou de Minister. Fir sech an der Schoul selwer een deen aneren ënnert d’Äerm ze gräifen.
E positiven Effekt erwaart sech de Claude Meisch och vun der Kierzung vun der Isolatiounsdauer fir manner Ausfäll ze hunn. Bis d’Fuesent op mannst stellt ee sech am Educatiounsministère op alle Fall awer op eng schwéier Zäit an. Nieft der obligatorescher Maskeflicht am Klassesall sinn den Ament och Ausflich an d’Ausland verbueden.
Déi aktuell Situatioun an de Schoule war dann och en Donneschdeg Thema an der zoustänneger Chamberkommissioun. Et wier gutt, dass méi Remplaçanten agestallt ginn, esou d’Myriam Cecchetti vun Déi Lénk, mee “dat eleng géing net duergoen, dowéinst géing jo och versicht ginn, dass zum Beispill Enseignanten, déi Mi-Temps schaffen, hir Stonnen eropsetzen. Et géing versicht ginn, un alle Schrauwen ze dréinen, wat och wichteg wier, esou nach déi Lénk Deputéiert Myriam Cecchetti. De Fokus läit nämlech dorobber, dass d’Schoulen net nees mussen zoumaachen.”
Och eng erweidert Test-Strategie soll hëllefen, d’Situatioun am Bléck ze behalen an eventuell positiv Fäll ze isoléieren. Dass elo alles soll gemaach ginn, fir dass Kanner a Jonker net nees zeréck an den Homeschooling mussen, doriwwer ware sech d’Parteien an der Chamberkommissioun en Donneschdeg de Mëtten eens.