Fir den Event-Manager Frank Rippinger war et e ganz besonnesche Moment: “Natierlech si mer do extreem houfreg driwwer, dass mer dat hikritt hunn.” De Concert wier zimmlech spontan zustane komm: “Dat war en Zoufallsprodukt, et ass eis bal an de Schouss gefall. Ee Moien krut ech en Uruff, ob mir net interesséiert wieren. An dat huet relativ séier geklappt.”
Fir de Frank a seng Ekipp vun 12 Leit, déi bis elo virun allem Firmen-Eventer am GRIDX organiséiert hunn, stieche wochelaang Preparatiounen hannert dem Concert. Eng nei Logistik, nei Sécherheetskonzepter, technesch Ufuerderungen vum Kënschtler – an natierlech och dem Aoki seng legendär Kuchen. “Du kriss genau erkläert, wéi de Kuch soll ausgesinn, aus wat e soll bestoen, wéi grouss, wéi déck, wéi schwéier, wat soll drop stoen. An där musse mer zéng produzéieren,” erkläert de Frank Rippinger. “Caking” gëtt dat genannt, wann de Steve Aoki Kuchen op seng Fans geheit, an ass e Markenzeeche vum DJ.
Op der Bün liwwert de Steve Aoki eng energiegeluede Show a setzt op d’Verbindung mam Publikum: “Ech wëll eng Verbindung mam Publikum opbauen. An et gëtt keng besser Verbindung wéi e Lidd, dat där Persoun vill bedeit.”
Och hannert sengem spektakuläre Kuch-Geheien stécht System: “Wann en déi richteg Gréisst a Gewiicht huet, kann ech bal perfekt Kapp-Treffer landen,” seet hien a laacht.
Mat dësem Optrëtt positionéiert de GRIDX sech och um Marché. Als direkt Konkurrenz zu Rockhal oder Atelier gesäit ee sech awer net. “Definitiv net als Konkurrent, mee complémentaire,” betount de Rippinger. De Site wëllt sech als flexibel a multifunktionell Location tëscht de grousse Concertshaiser etabléieren.
No dëser Première ass de Fazit kloer positiv: “Mir sinn extrem zefridden (…) ech mengen, dat hei huet nach eng Zukunft.” Ob de GRIDX sech wierklech als neie Concert-Hotspot etabléiere kann, wäert sech an den nächste Jore weisen.