Zweeten Dag vum Deplacement op BréisselDe Grand-Duc Guillaume hat eng Entrevue mam NATO-Generalsekretär Rutte

Cédric Ferry
De Fokus vun dësem éischte Gespréich tëscht dem Grand-Duc an de NATO-Generalsekretär louch um transatlantesche Raum.
Entrevue tëscht dem Grand-Duc Guillaume an dem NATO-Generalsekretär Mark Rutte
De Fokus vun dësem éischte Gespréich tëscht dem Grand-Duc an de NATO-Generalsekretär louch um transatlantesche Raum.

Nodeems et en Dënschdeg um éischten Dag vum Grand-Duc Guillaume sengem Deplacement op Bréissel ëm d’europäesch politesch Aktualitéit goung, stoung e Mëttwoch déi international Sécherheet um Programm.

Um 9.15 Auer moies haten de Grand-Duc an den Ausseminister Xavier Bettel, vun deem de Staatschef jo op dëser Rees begleet gëtt, eng Entrevue mam NATO-Generalsekretär Mark Rutte. Am Gespréich goung et virop ëm d’Sécherheet am transatlantesche Raum, dat och mat engem Fokus op d’Ukrain. Ma och d’NATO selwer war Thema, dat eng Vue vum nächste Sommet zu Ankara ugangs Juli.

Back to Top
CIM LOGO