Mindestloun an der Diskussioun tëscht Regierung a Sozialpartner“Et bleift ganz sensibel”

François Aulner
Dat sot den Aarbechtsminister Marc Spautz no enger Reunioun vun enger knapper Stonn mat de Gewerkschaften.
© RTL

De Marc Spautz an d’Sozialministesch Martine Deprez wollte kee weidere Commentaire ginn, ausser, datt een der Regierung Rapport géing maachen iwwert d’Reunioun.

D’Gewerkschaftsunioun OGBL-LCGB huet no der Reunioun vun engem “Echec” geschwat. D’Regierung wëll de Mindestloun net vill méi iwwert d’Indexéierung an d’Lounupassung all zwee Joer eraus an d’Luucht setzen. No der Reunioun tëscht der Gewerkschaftsunioun OGBL-LCGB mam Aarbechtsminister a mat der Sozialministesch soten d’Nora Back an de Patrick Dury, datt d’Regierung d’Berechnung vum Medianakommes - d’Referenz fir de Mindesloun festzeleeën – manipuléiert hätt. Se géing zum Beispill den 13. Mount an aner Gratifikatiounen erausrechnen an de Median esou erofdrécken. Den Ecart tëscht dem Mindestloun an dem Median wier da just nach 0,6 Prozentpunkten.

De Patrick Dury (LCGB) an d'Nora Back (OGBL) vun der Gewerkschaftsunioun.
De Patrick Dury (LCGB) an d’Nora Back (OGBL) vun der Gewerkschaftsunioun.
© François Aulner

Fir d’Gewerkschaften aus dem Privatsecteur geet dat guer net. Si fuerderen eng substantiell Hausse vun 11,4 Prozent a baséiere sech dobäi op Zuele vun der Generalinspektioun vun der Sécurité Sociale. D’Gewerkschaftsunioun huet och betount, datt 12 Prozent vun de Leit trotz Schaff un der Aarmutsgrenz wieren. Déi 70.000 Leit, déi hei am Land fir de Mindestloun schaffen, missten dezent kënne liewen. D’Gewerkschaften hätte schonn acceptéiert, datt d’Median als Referenz geholl gëtt an net d’Moyenne, wouduercher d’Hausse nach méi héich misst sinn.

Wéi geet et weider? “Et gesäit net gutt aus”, esou de Parick Dury. D’Nora Back sot: “Mir wäerten eis wieren”. Si huet nach bäigefüügt, datt ee Jore verluer hätt, fir haut nees genee do ze sinn, wou ee mam viregten Aarbechtsminister Georges Mischo opgehalen hätt.

Den Ajustement vum Mindestloun un d’Lounentwécklung gëtt all zwee Joer gemaach. Den 1. Januar d’nächst Joer soll et eng Upassung vu Plus 3,8% ginn, berechent retroaktiv op d’Entwécklung vun all de Léin iwwert déi 2 viregt Joren.

D’Patronat hat no der separater Reunioun gesot, de Mindestloun dierf guer net iwwert d’Indexéierung an d’Lounupassung all zwee Joer eraus an d’Luucht gesat ginn.


Weider Sujeten zum Thema

Back to Top
CIM LOGO