
Wat kënnt dëst Joer op d’Landwirtschaft duer? Mat där Fro huet sech de President vun der Bauerenzentral Christian Wester en Dënschdeg den Owend op der Generalversammlung beschäftegt. De Krich am Noen Osten an déi domadder verbonnen Hausse um Dünger zum Beispill hätten an de leschten dräi Woche gewisen, wéi séier alles kann iwwert de Koup gehäit ginn, mä d’Baueren hunn nach eng ganz Rei aner Suergen.
Eng dovunner sinn d’Epidemië bei den Déieren. Déi Suerg ass no der Blozongekränkt oder der Vullegripp net nei, mä mam LSD gëtt et eng Kränkt, bei där d’Konsequenze radikal sinn. LSD steet fir Lumpy Skin Disease, de Virus betrëfft d’Ranner an déi musse gekeilt ginn, soubal et ee Fall am Betrib gëtt.
De President vun der Bauerenzentral Christian Wester seet, wann een de Wëssenschaftler géif nolauschteren, wier et net d’Fro ob, mä wéini déi Epidemie op Lëtzebuerg kënnt. “Wa se kënnt, wéi si mer drop virbereet a si mer iwwerhaapt gutt genuch drop virbereet.”
D’Landwirtschaftsministesch Martine Hansen huet geäntwert, datt Lëtzebuerg amgaangen ass, alles ze maachen, wat méiglech ass. Et ass Impfstoff reservéiert, mä dee kann eréischt gesprëtzt ginn, wann et ee positive Fall am Land gëtt. Déi aner Woch steet de Virus um Ordre du Jour vun den EU-Agrarminister, mä donieft réit d’Martine Hansen de Baueren - ebe wéinst den drastesche Konsequenzen - sech genee z’iwwerleeën, wou se hir Béischte kafen.
“Wann et bis hei ass, dann ass et hei. A wann et hei ass, dann ass et kee Choix, mä da musse mer keulen a keulen ass schrecklech. Dat perséinlecht Leed, et ass schrecklech, wann e ganze Betrib muss gekeult ginn. Dofir mir mussen alles maachen, fir ze verhënneren, datt mer déi Krankheet heihinner kréien”.
Eng Erausfuerderung, wann ee bedenkt, datt se ënnert anerem vun Insekten iwwerdroe gëtt, déi picken. D’Bauerenzentral huet awer nach aner Punkten, déi se beschäftegen, an déi huet den éischte Vizepresident Eric Pesch opgezielt. “Europäeschen Agrarbudget, Mobilisatiounssteier, Reform vun der Grondsteier, en neit Agrargesetz an aktuell dee méi wéi fragwürdege Krich an déi domadder verbonnen Energiekris.”

D’Regierung soll d’Landwirtschaft net vergiessen, wann et ëm d’Suitten dovunner geet, esou den Eric Pesch an de Christian Wester hofft, datt d’Käschte fir d’Betriber net nach an d’Luucht ginn. “D’Mindestlounerhéijung steet am Raum an ass een Thema bei der Landwirtschaft. D’Betriber gi méi grouss, se hu Leit schaffen, d’Käschte lafen eis fort. D’Revenuen, d’Mëllechpräisser sinn den Ament am fräie Fall, wann do och elo nach eng strukturell Erhéijung vum Mindestloun mat Indextranche kënnt, ass dat Gëft fir Aarbechtsplazen.”
Dee Message muss d’Ministesch Martine Hansen mat an den nächste Regierungsrot huelen. Si ass ganz beléift bei de Baueren, den Ëmweltministère a säi Chef dogéint net. De Christian Wester huet aus enger Versammlung virun zwee Deeg iwwert den Naturschutzplang erzielt.
“Et si kritesch Froe vun der Landwirtschaft komm an déi Beamten, déi duerch déi Versammlung gefouert hunn, hu bei all Fro emotional gestresst a relativ iwwerhieflech gewierkt, wat eigentlech e gutt Zesummeschaffe relativ schwéier mécht an d’Bauere waren eigentlech oder bal um Punkt, fir ze soen ‘Dat do hu mir net néideg’, mä mir wëllen d’Dier awer net klaken, mir wëlle fir Dialog stoen.”
Dofir hätt een déi ganz Prozedur iwwert sech ergoe gelooss, allerdéngs mat engem Resultat, iwwert dat d’Baueren enttäuscht sinn, esou de Christian Wester.