
Um fréie Méindeg de Moie war der Police en Abroch an e Lokal an der Rue Michel Rodange zu Déifferdeng gemellt ginn. Hei war ee Mann iwwer d’Entréesdier agebrach an huet ënnert anerem Keess geklaut. Bei enger Sich nom Verdächtege konnt de presuméierten Täter an der Rue du Chemin gepëtzt ginn. Nieft de geklaute Saachen hat de Mann ënnert anerem Drogen a Boergeld bei sech, déi saiséiert goufen. Op Uerder vum Parquet gouf de Mann festgeholl a koum virun den Untersuchungsriichter.
Am spéide Nomëtteg war iwwerdeem an en Haus an der Route d’Arlon zu Stroossen agebrach ginn. Hei war den Täter awer vum Resident iwwerrascht an immobiliséiert ginn, bis d’Police op der Plaz war. Déi geklaut Objeten, dorënner e Schlëssel a Boergeld, konnten dem Besëtzer zréckgi ginn. Och hie gouf op Uerder vum Parquet festgeholl an hat Rendez-vous virum Untersuchungsriichter.
De selwechten Dag hat an engem Park an der Rue Saint-Quirin an der Stad eng Fra hir Kette vum Hals gerappt kritt. Eng direkt Sich nom Verdächtege war virop negativ verlaf. Allerdéngs konnt de presuméierten Täter méi spéit an der Géigend gestallt ginn. Bei den Ermëttlungen huet sech dunn erginn, datt dësen och fir en Déifstall an engem Buttek am Garer Quartier responsabel ass. Och hien hat Boergeld bei sech, dat saiséiert gouf. De Mann gouf festgeholl a koum virun den Untersuchungsriichter.