Gedenkfeier fir verstuerwe Sans-abrien17 Leit, déi keen Daach iwwert dem Kapp haten, sinn 2018 gestuerwen

RTL Lëtzebuerg
Déi Zuel gouf um Freideg an der Mëttesstonn op der traditioneller Gedenkfeier fir déi verstuerwe Sans-abrien an der Bouneweger Kierch genannt.

Vun deene 17 sinn der 3 op der Strooss verscheet; d'lescht Woch huet och schonn eng 1. Persoun an deem Sënn hiert Liewe fir dëst Joer gelooss.

D'Verstuerwe vun zejoert haten iwwregens tëscht an déi 20 an an déi 70 Joer.

D'Zeremonie hat zum Thema „D'Blécker vu Leit blesséiere mech“. Duerch sou Blécker oder net-Blécker géif een zu engem kompletten Nobody ginn, huet de Generalvikar Leo Wagener erkläert, iwwerdeems een duerch Blécker, déi ee vun uewe bis ënne musteren, jugéiert gëtt. Huet een d'Experienz vum béise Bléck eng Kéier selwer erlieft, da sollt ee se net weiderginn, sou de Leo Wagener.

Gedenkfeier fir verstuerwe Sans-abrien: Rep. Eric Ewald

Back to Top
CIM LOGO