1. Well vum extraordinäre Rekrutement176 nei Polizisten a Polizistinnen goufe vereedegt

RTL Lëtzebuerg
Um Findel goufen e Freideg 176 nei Polizisten vereedegt. Sou vill wéi nach ni zu Lëtzebuerg.
Nei Poliziste vereedegt
176 nei Beamten a Beamtinnen wäerte déi nächst Woch hiren Déngscht um Terrain untrieden.

Et ass déi éischt Well vum extraordinäre Rekrutement, déi no zwee Joer Formatioun fäerdeg gi sinn an d’nächst Woch op den Terrain kënne goen. E wichtege Schratt am Recrutementsplang. Ma de Manktem u Police-Beamten ass domadder nach net geléist.

Eleng d’lescht Joer huet d’Police Ronn 120 Departe gezielt. Sief et duerch Leit, déi an d’Pensioun ginn oder hir Karriär gewiesselt hunn. Mat 176 frësch vereedegte Beamte gëtt et um Enn also nëmmen e Plus vu 60 Posten. Dat nächst Joer kéimen awer nees Ronn 180 Beamten op den Terrain an da kéint een och mat engem Renfort rechnen, esou de Minister fir déi bannenzegt Sécherheet Henri Kox.

Déi nei Policebeamten hunn elo e praktesche Stage vun 12 Méint hannert sech, wou si duerch hire Serement speciale verschidden Akte scho selwer konnte maachen. En Dënschdeg fänke si fest op de verschiddenen Unitéiten un. 2023 gouf et en Defis bei de Kandidaturen, dofir misst een de Beruff weider positiv no baussen hin duerstellen. Den nächste Stéchdatum ass am Hierscht. D’Epreuve d’aptitude générale sinn am November. Déi misst ee packen an duerno géif et direkt mat der Aschreiwung fir d’Epreuve speciale vun der Police weidergoen, erkläert de Strategiedirekter Alain Engelhardt.

Iwwert déi nächst Jore bräicht et 160 nei Poste fir weider konstant ze wuessen, wa fir déi aktuell Schüler alles riicht leeft dierften

LINK: D’Detailer iwwert de Recrutement um Site vun der Police

Back to Top
CIM LOGO