Camionskontroll A119 Camionneuren hu sech net un d'Iwwerhuelverbuet gehalen
E Freideg huet d'Verkéierspolice eng Kontroll op der A1 vun Däitschland a Richtung Lëtzebuerg mat Fokus op d'Iwwerhuelverbuet fir Camione gemaach.
Am Ganze goufe 45 Protokoller bei der Kontroll ausgestallt, dovu waren 19 Chaufferen, déi sech net un d’Iwwerhuelverbuet gehalen haten. Weider 26 Verstéiss gouf et géint de Code de la Route.