Chamber19 nei Petitioune sinn online, fir ënnerschriwwen ze ginn

Andy Brücker
Carine Lemmer
De Roude Léiw als nationale Fändel, den Autofestival soll ofgeschaaft ginn, eng Busspur op der Autobunn, de Pass soll méi laang gëlteg sinn...

Dat sinn der nëmmen e puer vun deenen 19 Petitiounen, déi zanter dem 5. Abrëll um Site vun der Chamber kënnen ënnerschriwwe ginn.

Hei de kompletten Iwwerbléck:

- ee Mann wëll den Autofestival ofschafen, den Auto esou an d'Vitrine ze setze wär net méi zäitgeméiss,

- de Staat soll bei den deieren Tariffer vun der SNCT intervenéieren,

- de Roude Léiw soll den nationale Fändel ginn an de rout-wäiss-bloen ersetzen,

- eng Witfra soll méi Rechter a méi Sue kréien,

- eng 30er-Zone soll just am Dag gëllen,

- d'Spill- an d'Grondschoul soll méi spéit ufänken. 8.30 oder 8.40 Auer mengt d'Petitionärin, wär besser fir déi kleng Kanner wéi schonn um 7.50 Auer,

- méi e strikt-reglementéierte Kader, mam Zil manner Gebuerten iwwert de Wee vu Cesariennen (Kaiserschnëtt) duerchzeféieren,

- Aféiere vun intelligente Roude Luuchten, fir manner CO2-Ausstouss, manner Bremsmanöveren a manner laang Waardezäiten,

- en neie Kollektivvertrag am Gesondheetssecteur,

- eng Busspur soll op den Autobunnen agefouert ginn,

- e Mann fuerdert, dass de Pass an Zukunft net méi 5 ma 10 Joer gülteg soll sinn,

- da gëtt et d'Fuerderung, dass gesetzlech festgehale gëtt, dass een en hallwen Dag Congé soll zegutt hunn, wann ee Bluttspende war,

- Fuerderung no Logementspräisser, déi jidderee sech leeschte kann,

- ee Petitionär fuerdert eng Reduktioun vun de Steieren an eng Hausse vun den Taxen op Sprit,

- en Auszoch aus dem Handelsregister (RSCL) soll een och an englescher Sprooch kënne kréien,

- eng weider Petitioun fuerdert dann e Verbuet de 5G-Reseau zu Lëtzebuerg z'installéieren,

- en obligatoreschen Éischt-Hëllef-Cour soll am Enseignement secondaire agefouert ginn,

- e Gesetz fir géint Ëmweltverschmotzung virzegoen,

- da gëtt nach d'Ausschafe vun enger juristesch Prozedur gefuerdert, déi de Petitionären hir Meenungsfräiheet protegéiert.

Dat sinn déi 19 Petitiounen, déi ee bis de 16. Mee kann ënnerschreiwen.

Kritt eng Petitioun méi wéi 4'500 Ënnerschrëften, muss ëffentlech driwwer an der Chamber debattéiert ginn. 28 Debate gouf et schonn. Ee vun den nächsten dierft Ugangs Mee, deen iwwert e Verbuet vun der Klappjuegd sinn.

Petitiounen op www.chd.lu

Back to Top
CIM LOGO