
Wärend dem Mount Abrëll huet d’Police méi wéi 190 Infraktioune bei Motocycliste festgestallt. Vum 31. Mäerz bis den 30. Abrëll ass eng speziell Campagne fir d’Sécherheet op der Strooss um Moto gelaf. Knapp d’Hallschent vun de Protokoller goufe wéinst ze héijer Vitesse geschriwwen, dorënner 14 bei deenen d’Chaufferen déi 145 Euro hu misse bezuelen an 2 Punkte verluer hunn. 2 Motocyclisten hunn hire Permis verluer wéinst engem Delit de grande vitesse an 2 Mol gouf et e Procès-verbal wéinst exzessiver Vitess. Aner Infraktiounen, déi festgestallt goufen, hate mat geféierlechem Fuerverhalen ze dinn, mat den néidege Pobeieren, déi gefeelt hunn, mat Equipementer, déi net konform waren, well de Casque net de Reegelen entsprach huet oder nach well d’Leit kee giele Gilet dobäi haten.