2.152 Schüler hu sech am Kader vun der Impfcampagne am Secondaire fir eng Covid-Impfung entscheet.
A verschiddene Schoule kruten d'Schüler de Vaccin op der Plaz vu mobillen Impfekippen. An anere Schoule goufe Busser organiséiert, déi d'Schüler an d'Impfzentre bruecht hunn.
D'Impfung ass fräiwëlleg. D'Schüler kruten am Virfeld d'Méiglechkeet, sech fir de Vaccin anzeschreiwen.
Um Campus Geesseknäppchen am Lycée Aline Mayrisch haten d'Schüler déi lescht Deeg schonn d'Méiglechkeet, sech am Kader vun der Campagne impfen ze loossen. Bei hinnen ass dës Aktioun gutt ukomm.
Déi zweet Dose kréien d'Schüler aus all de Lycéeën dann am Zäitraum vum 15. bis den 29. November. Dat ënnert de selwechte Konditiounen. D'Schüler, déi sech fir eng Impfung entscheet hunn, ginn entweder erëm an Impfzentre bruecht, oder mobil Impfekippe kommen an d'Schoul laanscht.
Scho virun der Impfcampagne am Secondaire hu mëttlerweil iwwer 60 Prozent vun de Schüler iwwer 12 Joer eng Impfung géint de Covid-19 kritt. Déi méi wéi 2000 Schüler, déi an de leschten zwou Wochen dobäi komm sinn, erginn e Plus vu ronn 4 Prozent.