Stand 29. Mäerz2,5 Milliarden Euro wéinst Sanktioune géint Russland zu Lëtzebuerg agefruer

RTL Lëtzebuerg
Dat huet d’Finanzministesch Yuriko Backes an der Finanz- a Budgetskommissioun vun der Chamber confirméiert.
© Alexas_Fotos on Pixabay

Bis leschten Dënschdeg waren hei am Land am Kader vun de Sanktioune géint Russland 2,5 Milliarden Euro agefruer. Dat engersäits als Avoiren op Bankkonten, wéi awer och ënnert der Form vu Wäertpabeieren.

86 Societéite konnten och am nationalen Handelsregëster identifizéiert ginn, wou 11 Leit dran involvéiert sinn, déi och op der europäescher Sanktiounslëscht stinn.

Back to Top
CIM LOGO