
Liicht verwonnt gouf en Automobilist e Méindeg den Owend géint 18.20 Auer an der Rue Robert Stümper zu Gaasperech. Zwee Ween hate sech hei ze pake krut.
Weider mellt de Cgdis en Accident kuerz no 20 Auer um Houwald an der Rue Dokter Joseph Peffer. Och hei waren zwee Autoen aneneegerannt.
Kuerz no 22.30 Auer stoung um Houwald am Rangwee en Auto a Flamen. D'Pompjeeë vun Hesper waren op der Plaz, et ass kengem eppes geschitt.
Géint 1 Auer hat et zu Ierpeldeng op der Sauer an enger Zär gebrannt. D'Pompjeeë vun Angelduerf, Dikrech an Ettelbréck waren am Asaz. Och hei ass kengem eppes geschitt, allerdéngs war de Materialschued. Brandstëftung kann iwwerdeem net ausgeschloss ginn, d'Ermëttlunge lafen.

