
Um 3 Auer an der Nuecht op e Sonndeg sinn 2 Autoen zu Keel an der Grand-Rue net laanschteneen komm. Dobäi gouf eng Persoun blesséiert.
Géint 3.45 Auer huet um Boulevard de la Foire an der Stad een Auto e Motto ze pake kritt. Och do gouf et ee Blesséierten.
E Samschdeg den Owend 15.15 Auer hat zu Nidderkuer nach ee Frittendëppen gebrannt. Do ass awer kengem eppes geschitt.
E Sonndeg koum et géint 7.40 Auer zu Beyeren an der Rue Hiel nach zu engem Accident. En Automobilist ass do an e geparkten Auto gerannt, gouf, wéi den CGDIS mellt, awer net blesséiert.