
Kuerz no 21 Auer war op der Areler Autobunn, Direktioun Arel tëscht dem Zéissenger Kräiz an Helfent, een Auto verongléckt. Eng Persoun gouf verwonnt.
Weider mellt de CGDIS en Accident vu géint 22.45 Auer tëscht Méchela a Fléiber. Och hei war een Auto an d'Ongléck verwéckelt. Eng Persoun gouf blesséiert.
Géint 8.45 Auer war et dann nach en Accident um CR107, Simmer Direktioun Éiner. Do ass en Auto an de Gruef geroden, eng Persoun gouf verwonnt.