
Géint 17.10 Auer e Freideg den Owend war zu Kënzeg e Motocyclist an e Container gerannt. Nieft dem Samu vun Esch waren hei och d’Ambulanz vu Stengefort an d’Pompjeeë vu Käerjeng op der Plaz. Wéi et e Samschdeg am Bulletin vun der Police geheescht huet, wier den Accident an der Rue de l’Église geschitt.
Um 0.25 Auer e Samschdeg de Moien hat sech dann tëscht den Tunnel Gousselerbierg a Schëndels eng Camionnette iwwerschloen, woubäi eng Persoun blesséiert gouf. Den Noutdokter vun Ettelbréck, d’Ambulanz vu Lëntgen an d’Pompjeeë vu Lëntgen a Miersch goufen an den Asaz geruff.