Alkohol um Steier2 Automobilisten hunn hire Fürerschäi missen ofginn

RTL Lëtzebuerg
Déi eng Kéier war een alkoholiséierte Mann tëscht Mamer a Capellen ënnerwee an déi aner Kéier an der Stad.
© RTL-Archiv

An der Nuecht op en Dënschdeg ass d'Police géint 3.50 Auer an der Route d'Arlon tëscht Mamer a Capellen op een Automobilist opmierksam ginn. Den Alkoholtest beim Chauffer war positiv, hie krut e Protokoll an de Permis gouf ofgeholl. Donieft krut de Mann wéinst dem Verstouss géint de Couvre-feu och nach dofir e Protokoll.

Schonn e Sonndeg war der Police géint 23.30 Auer ee vermeintlech alkoholiséierte Chauffer an der Rue Nicolas Ries an der Stad gemellt ginn. Och hei war den Alkoholtest positiv. Wéi sech bei der Kontroll erausgestallt huet, louch och ee Fuerverbuet géint de Mann vir. Den Automobilist krut e Potokoll an den Auto gouf op Uerder vum Parquet séchergestallt. 

Back to Top
CIM LOGO