CGDIS2 Blesséierter bei 2 Accidenter um Méindeg de Moien

RTL Lëtzebuerg
Kuerz no 7 Auer sinn zu Biergem an der Groussgaass en Auto an e Moto net laanschtenee komm. 1 Persoun gouf verwonnt.
© CGDIS

D'Pompjeeë vun Esch a vu Monnerech waren op der Plaz, grad ewéi d'Escher Ambulanz.

Kuerz no 7.30 Auer huet et zu Simmer gerabbelt. Hei ass en Auto op der Kapp gelant. Och hei gouf eng Persoun verwonnt. D'Pompjeeë vu Mamer an Habscht waren am Asaz.

Back to Top
CIM LOGO