
Kuerz no 22 Auer koumen am Rond-point Rammerech zwee Autoen net laanschteneen. Zwou Persoune goufe blesséiert. Op der Plaz waren d’Rettungsdéngschter vun Esch a Suessem/Déifferdeng.
E weidert Accident tëscht zwee Gefierer war da géint 22.30 zu Lëntgen an der Haaptstrooss geschitt. Hei gouf kee blesséiert. D’Ambulanz vu Lëntgen an de Rettungsdéngscht aus der Fiels waren am Asaz.
Um CR110 tëscht Éilereng an Zolwer sinn e Bus an en Auto aneneegerannt. Och hei gouf eng Persoun blesséiert. Op der Plaz am Asaz waren de Rettungsdéngscht an d’Ambulanz vu Suessem/Déifferdeng.