Bei Baschelt2 Blesséierter bei Accident tëscht Moto a Vëlo

Pit Everling
E Motocyclist an e Vëlosfueren krute sech ze paken...

Bei Baschelt gouf et am Nomëtteg en Accident. E Motocyclist an e Cyclist sinn do kollidéiert. Wéi den 112 mellt, ass den Accident um CR309 tëscht Fléiber an der Kräizung Hareler-Potto geschitt. Souwuel d'Persoun um Moto, wéi déi um Vëlo goufe blesséiert.

De Rettungshelikopter war op der Plaz.

Een Accident gouf et e Mëttwoch den Owend géint 19.40 Auer tëscht Wolz a Kautebaach. Ee Motocyclist war hei gefall. Eng Persoun gouf verwonnt, mellt den 112. Op der Plaz waren d'Secouriste vu Wolz an aus dem Kiischpelt.

Back to Top
CIM LOGO