Am Lokalen2 Blesséierter bei Accidenter op der A6 an A13

RTL Lëtzebuerg
Op zwou Autobunnen am Grand-Duché huet et e Mëttwoch de Moie geknuppt. Et gouf jeeweils 1 Persoun blesséiert.
© CGDIS

Kuerz viru 5 Auer ass e Gefier op der A6 bei der Aire de Capellen a Richtung Kapellen géint d'Leitplank geroden. 1 Persoun gouf dobäi verwonnt.

E weideren Accident gouf et op der A13 op der Héicht Munneref. De Bilan ass hei 1 Blesséierten.

Back to Top
CIM LOGO