CGDIS2 Blesséierter bei Accidenter um Méindeg an um Dënschdeg

RTL Lëtzebuerg
Am Lokale mellt de CGDIS en Accident e Méindeg den Owend kuerz no 22 Auer zu Esch-Uelzecht.
© Samu / Domingos Oliveira

Detailer feelen, mä eng Persoun gouf blesséiert, wéi en Auto op d’Kopp gaangen ass. Op der Plaz waren nieft de Secouriste vun Esch a Monnerech och de Stater Samus-Noutdokter.

E weideren Accident gouf et da géint 8.20 Auer en Dënschdeg de Moien an der Rue Pierre Gansen zu Nidderkuer. Och hei gouf eng Persoun blesséiert. D’Ambulanz vum Rettungsdéngscht Suessem-Déifferdeng war hei am Asaz.

Back to Top
CIM LOGO