CGDIS2 Blesséierter bei Accidenter um Samschdeg

RTL Lëtzebuerg
Den 112 mellt zwee Accidenter mat all Kéier engem Blesséierten um Samschdegowend.
CGDIS
CGDIS
© CGDIS

Géint 20.13 Auer koum et zu Esch an der Rue Jos Kieffer zu enger Kollisioun tëscht zwee Gefierer. Eng Persoun gouf dobäi blesséiert. Am Asaz waren de Rettungsdéngscht vu Péiteng an d’Pompjeeë vun Esch a Monnerech.

Um RN22 tëscht Iewerleng an Useldeng ass en Automobilist mat sengem Won an de Bam gerannt, och dëse gouf duerch den Accident blesséiert. D’Ambulanz vu Réiden an d’Pompjeeë vun Useldeng waren op der Plaz.

Back to Top
CIM LOGO