CGDIS mellt2 Blesséierter op eise Stroossen

RTL Lëtzebuerg
D'Ekippe vum CGDIS mellen dräi Asätz wéinst Accidenter e Sonndeg an e Méindeg. Direkt op zwou Plaze war jeeweils een Auto de Rampli erofgerëtscht.

Um CR101 tëscht Garnech an Holzem war kuerz no 17 Auer en Auto an de Gruef geroden, woubäi eng Persoun blesséiert gouf. Um Asaz waren d’Ambulanciere vu Mamer an d’Pompjeeë vu Koler.

Géint 18 Auer waren d’Rettungsekippe vu Réimech a Schengen op den CR152 tëscht Biermereng a Schengen geruff ginn, nodeems hei e weideren Auto de Rampli erofgerëtscht ass. Hei gouf et kee Blesséierten.

Zu Uewerkäerjeng koum et e Méindeg de Moie kuerz viru 7.40 Auer zu enger Kollisioun tëscht zwee Autoen. Eng Persoun gouf dobäi blesséiert a vun den Ambulanciere vum SaDiff versuergt. Donieft waren d’Pompjeeë vu Käerjeng-Péiteng op der Plaz.

Back to Top
CIM LOGO